
D'Aktualiséierung vun de Coronazuelen um Méindeg enthält d'Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg an e Sonndeg, dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele méi matdeelt.
An de leschten Deeg ass 1 Persoun um Coronavirus gestuerwen. Aktuell läit d'Zuel vun den Doudegen a Verbindung mam Covid-19 bei 822.
Bannent de leschten 72 Stonne goufe 16.652 Tester gemaach, dovunner waren der 139 positiv. 75 nei Fäll goufen e Freideg registréiert, 60 e Samschdeg a 4 e Sonndeg. De Positivitéitstaux läit bei 1,28%.
Den Ament si 26 Persounen hospitaliséiert, dovunner 2 Patienten op der Intensivstatioun.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,82. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.