Eng Zort giel Blumm op laange Stiller, dat sougenannt Jakobs-Kreuzkraut wier nees am Gaang sech uechtert d'Land, laanscht Summerweeër an op opgetippten Hiwwelen, nieft nei-gebaute Brécken a Stroossen auszebreeden. Wat, nieft Kar- a Feierblumme ganz schéin ausgesäit, ass awer eng Planz déi, wa se am Hee un d'Véi mat verfiddert gëtt, gëfteg ass. D'Gesondheet vun hiren Déiere wier wierklech a Gefor, warnt de Pierre Laugs, Jongbauer zu Konsdref.
Nieft der Responsabilitéit vun de Baueren, missten awer och Ponts et Chaussées - also de Staat - an d'Gemenge mat hëllefen, eng ze staark Verbreedung vum Jakobs-Kräizkraut ze verhënneren. Wann een ze vill där Blummen am Gaart huet, sollt een déi och net ouni Händschen un erausrappen, sou d'Planzen-Experten.