Et ass wichteg, datt een déi Gréng net nëmmen als Klimaschutz-Partei gesäit. Mir setzen eis fir alles dat an, wat d’Leit am Alldag beschäftegt, dat sot déi nei Co-Spriecherin vun deene jonke Grénge Jasmine Winandy e Freideg de Moien als eis “Invitée vun der Redaktioun”. Déi 19 Joer al Studentin ass d’lescht Woch op dee Poste gewielt ginn an trëtt an där Funktioun e Samschdeg um grénge Kongress zu Dikrech op.
Och a Krichszäite géifen déi gréng Themen zimmlech aktuell bleiwen, huet eis Invitée gemengt. Duerch d’Repercussioune vum Krich mam Iran op d’Energiepräisser géif ee gesinn, wéi wichteg eng nohalteg Energietransitioun wier, sou déi jonk Politikerin. Nëmmen duerch de konsequenten Ausbau vun den erneierbaren Energien, géif Lëtzebuerg méi onofhängeg ginn. Anerwäerts wär een ëmmer weider gebonnen un “Autokraten, déi eis Präisser kënne volatil halen”. D’Jasmine Winandy fënnt, datt d’CSV-DP-Regierung bis ewell sécher nach net genuch gemaach huet. D’Regulatioune bei de Wandmillen zum Beispill wieren nach ëmmer eng ze vill ze grouss Brems fir den Ausbau.
D’Jasmine Winandy kënnt aus der Kimaschutzbeweegung “Youth for climate” an ass zanter dräi Joer elo bei de jonke Gréngen engagéiert. Jugendpolitik sollt éischter als Aktivismus ugesi ginn, fënnt si. Politik géif Jonker nämlech dacks ofschrecken. Mä eng Jugendpartei wier einfach e Grupp vu Jonken, déi sech engagéieren, “net e Grupp vu grujelege Gréngen”. Et bräicht ee mol keng Memberskaart bei de jonke Grénge fir matzemaachen. A se géifen och vill vun der Mammepartei ënnerstëtzt, déi kritesch Stëmmen ausdrécklech och fërdere géif. D’Jasmine Winandy selwer gesäit hire politeschen Engagement fir den Ament och net als Sprangbriet fir eng politesch Karriär duerno.
Vun engem Social-Media-Verbuet, deen aktuell an Europa an och zu Lëtzebuerg jo vill am Gespréich ass, halen déi Jonk Gréng wéineg, sou d’Jasmine Winandy. Un déi haiteg Alterslimitatioune géif sech scho keen halen. Duerfir misst ee sech froen, wéi effikass sou e Verbuet iwwerhaapt kéint sinn. Grad déi Jonk hätte séier raus, wéi se dat ëmgoe kënnen. Virun allem argumentéieren déi jonk Gréng awer, datt doduerch deen eigentleche Responsabelen, nämlech d’Plattforme selwer, riskéiere weiderzefueren, wéi bis elo. D’Politik misst awer vill méi op de Wee vun enger strenger Reguléierung vun TikTok, Snapchat a Co. goen. Hei misst d’Prioritéit leien, sot d’Co-Spriecherin vun de jonke Gréngen. D’Jugendpartei fäert och, datt duerch e Verbuet de Jonken ënner 16 Joer hir Mediekompetenz ofhëlt. An et dierft een och net vergiessen, datt erwuesse Leit genee sou riskéieren op KI a Fake News eranzefalen. Jonk wéi al missten dowéinst fir d’Gefore vu Social Media sensibiliséiert ginn. Sou géif een de Problem un der Wuerzel paken, sou de Message vun eiser Invitée e Freideg de Moien.
Um Donneschdeg ass de Kongress vun deene Gréngen Theema an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun”.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.