Mathé ouni Angscht an ouni ze vill Kappzerbrieches, dat ass d’Zil vun enger neier didaktescher Approche, déi de Kanner schonn an den éischte Schouljoren dat néidegt Selbstvertrauen an d’Freed um Mathésunterrecht vermëttele soll. D’Material besteet aus enger Rei vu Léierhefter an Aktivitéiten, déi duerch konkret Objeten ergänzt ginn. Mat der Approche wëll den Educatiounsministère d’Léiere vu Mathé méi accessibel maachen.
Iwwer 500 Enseignante aus dem Fondamental waren en Donneschdeg am Forum Geesseknäppchen, fir eng nei Method fir de Mathematiksunterrecht kennen ze léieren. D’“MATHI-Material”, wéi et genannt gëtt, soll eng nei a méi accessibel Approche fir de Mathésunterrecht zu Lëtzebuerg ginn.
Un Informatiounsstänn an Atelieren haten d’Enseignanten d’Méiglechkeet, d’Materialien an d’Konzept vun der neier Léiermethod z’entdecken. Vill Enseignante si frou, mat dëser Reform hire Schüler e méi verständlechen a méi positiven Zougang zur Mathematik ze vermëttelen.
Am ganze kommen aacht MATHI-Hefter fir d’Kanner eraus. Et ass ee Projet, dee speziell fir Lëtzebuerg entwéckelt ginn ass, wéi d’Nathalie Gales, Koordinatrice vum MATHI-Projet, erkläert: “Déi Hefter sinn esou opgebaut, dass déi verschidde Kompetenzen, déi een an der Schoul brauch, dra sinn – en Heft, dat awer extra fir Lëtzebuerg entwéckelt ginn ass. E Projet mat Kanner, déi vu Lëtzebuerg gezeechent ginn ass, Säiten, déi explizitt fir Lëtzebuerg mat deene Virdeeler, déi mir zu Lëtzebuerg hu mat der Méisproochegkeet asw. Dorobber opgebaut ass.”
D’Konzept hannert MATHI gouf vun Experten aus der pedagogescher Héichschoul zu Karlsruhe entwéckelt. De Wëssenschaftler no steet dobäi virun allem d’Verstoe vu mathematesche Strukturen am Mëttelpunkt.
Amplaz just Rechemethoden auswenneg ze léieren, solle Schüler Zesummenhäng erkennen an aktiv Problemer léisen, sou d’Christiane Wartha: “Wir haben die Schwerpunkte in diesem Lehrwerk etwas verschoben, indem wir einen ganz grossen Fokus auf die Sicherung oder die Erarbeitung des Lernens der Basiskompetenzen legen, indem wir auf verschiedene Sichtweisen diskutieren, unterschiedliche Sichtweisen aufschreiben und ein möglich grosses Spektrum nehmen. Wir nutzen das Reden, das Spielen, das Darstellen von mathematischen Inhalten, um das dann auch verstehen zu können.”
D’Nei-Orientatioun vum Mathésunterrecht mat den neie Schoulbicher zitt sech duerch de ganze Fondamental, wéi de Professer Sebastian Wartha erkläert – vum Cycle 1 bis an de Cycle 4: “Vielleicht ist auch noch eine Besonderheit, dass wir wirklich von Zyklus 1 eben starten und eine durchgängige Philosophie bis einschliesslich Jahrgangsstufe 6 haben. Also acht Jahre mathematisches Lernen und wir achten sehr darauf, dass die gleichen Iddeen immer wieder aufgegriffen werden, dass auch ähnliche Formate immer wieder aufgegriffen werden, weil die Lehrkräfrte und Kinder werden ja verrückt, wenn sie ständig neue Formate lernen müssen.”
D’Material ass op Däitsch a Franséisch disponibel an erlaabt et, d’Alphabetiséierung jee no Schoulwee an enger vun deenen zwou Sproochen ze maachen.
MATHI gouf am Cycle 1 ewell bei der Rentrée zejoert agefouert. Vun der nächster Rentrée am September un soll d’Approche och am Cycle 2 agesat ginn.
Iwwert d’Jore gëtt d’Reform dann no an no op déi nächst Cyclen ausgebaut: de Cycle 3 ass fir d’Schouljoer 2028/2029 virgesinn, de Cycle 4 fir 2030/2031.