D’Justizministesch Elisabeth Margue plädéiert awer fir eng europäesch Approche. “Mir si fir eng Alterslimitatioun. Mir setzen eis och op europäeschem Niveau dofir an, well mer der Meenung sinn, datt mer vill méi Kanner schützen, wa mer eng europäesch Léisung hunn an datt se och méi einfach ëmsetzbar ass.“ Eng EU-Léisung hätt den Avantage, datt se fir all Memberstaaten gëllt a méi einfach vis-à-vis vun internationale Plattformen duerchzesetzen ass. Gläichzäiteg hält d’Regierung sech awer eng national Alternativ op. Sollt op europäeschem Niveau net séier genuch eppes geschéien, kéint Lëtzebuerg och selwer aktiv ginn. “Wa bannent sechs bis zwielef Méint näischt op EU-Niveau geschitt, wäerte mir och national aktiv ginn“, esou d’Margue. En Aarbechtsgrupp schafft dofir schonn un enger méiglecher nationaler Strategie.
Fir vill Fachleit ass den Debatt net nëmme politesch, mee och gesondheetlech motivéiert. De Jugendpsychiater Dr. Gerhard Ristow gesäit besonnesch beim exzessive Gebrauch vu Social Media Risiken. “Mir wëssen: e Medienkonsum vun iwwer véier Stonnen a méi ass e Konsum, deen ee vum richtege Liewen ofhält – an dat ass an deem Beräich vun enger Sucht anzestufen.“ Besonnesch problematesch wier, datt sozial Kompetenzen a real Interaktiounen an den Hannergrond geroden. Amplaz Konflikter am richtege Liewen ze léisen, kéinte Jonker op Social Media einfach Leit blockéieren oder ignoréieren. Gläichzäiteg warnt de Psychiater virun ze einfache politesche Conclusiounen. Ob e Social-Media-Verbuet wierklech e positiven Effekt hätt, misst nach duerch Daten an international Vergläicher bewise ginn.
An der Chamber ginn d’Meenungen deels wäit auserneen. Verschidde Parteien aus der Oppositioun fuerderen eng séier a méi strikt Regulatiounen.
Den LSAP-Deputéierte Ben Polidori, deen eng eege Gesetzespropos deposéiert huet, warnt virun enger “verluerener Generatioun”, wann d’Politik ze laang waart. „D’Konsequenz wier, datt mer nach eng Kéier eng ganz Generatioun u Jonker de soziale Medie géifen iwwerloossen. Mir si kloer fir e Verbuet bis 13 Joer an eng Reglementatioun tëscht 13 a 16 Joer.“
Och bei déi gréng gëtt d’Theema als dréngend ugesinn. De François Benoit gesäit virun allem d’Plattformen an der Responsabilitéit: “D’Plattforme si kee rechtsfräie Raum. Dofir ass et wichteg, datt mer do prioritär regléieren.” An der aktueller Situatioun wier e Verbuet fir Jonker ënner 16 Joer duerchaus ubruecht, esou de Politiker, betount awer gläichzäiteg d’Wichtegkeet vun enger méi strenger Regulatioun vum Contenu.
Eng zentral Fro am Debatt ass d’Ëmsetzung. Wéi kann een iwwerhaapt kontrolléieren, wéi al d’Benotzer op Social Media sinn, ouni dobäi massiv Date vu Kanner ze sammelen? Kritiker warnen och virun Dateschutz- a Kontrollinstrumenter fir d’Altersverifikatioun. Dozou gehéiert och d’Piratepartei. De Ben Lommel: “Wann een d’Leit wëll schützen, muss een och iergendwéi Kontroll driwwer hunn. A fir Kontroll ze hunn, muss een Donnéeë vun de Leit hunn – an do läit de grousse Problem fir eis.”
D’Regierung denkt ënner anerem un technesch Léisunge wéi den europäeschen digitale Portmonni. “Eng Basis kéint den digitale Portmonni sinn, wou d’Plattform just d’Informatioun kritt: al genuch – jo oder nee”, erkläert d’Justizministesch Margue. Domat géifen d’Plattformen nëmmen d’Bestätegung vum Alter kréien, ouni op aner perséinlech Donnéeën zouzegräifen.
Nieft der politescher Debatt entstinn och privat Léisungen. Den Telekom-Provider Tango huet rezent eng Offer fir Kanner lancéiert, bei där Elteren den digitale Konsum iwwer eng App limitéiere kënnen. „L’objectif n’est pas une surveillance permanente, mais l’accompagnement progressif vers une autonomie numérique et responsable“, erkläert den Tango-Spriecher Jonathan Mazza. D’Offer soll Elteren hëllefen, d’Notzung vum Smartphone a Social Media besser ze encadréieren, ouni datt et direkt ëm e gesetzlecht Verbuet geet.
EU-Text oder national Tëscheléisung – de politeschen Debatt ass op. Mä egal wéi: Jugendschutz um Handy wäert net just eng Fro vu Gesetzer sinn, mee och vu Responsabilitéit – bei de Plattforme selwer, den Elteren an an der Schoul.