Invité vun der Redaktioun (2. Mee)Jean-Jacques Rommes

RTL Lëtzebuerg
Invité vun der Redaktioun e Mëttwoch de Moie war den Administrateur délegué vun der UEL.
VIDEO: AUDIO: Invité vun der Redaktioun: Jean-Jacques Rommes
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Um Dag no de Festivitéite fir den 1. Mee stéiert d'Unioun vun den Entreprisë sech drun, datt d'Gewerkschaften e Bild zeechne vun Aarmut, Misär a Prekaritéit zu Lëtzebuerg. Dat géing net der Realitéit entspriechen, esou den Administrateur délégué vun der UEL, Jean-Jacques Rommes.

Wat d'Fuerderungen ugeet, do wier eng Hausse vun 10% vum Mindestloun net realistesch.
D'Ängschte vu Verschlechterunge vun den Aarbechtskonditiounen – zum Beispill via befrist Kontrakter - ass fir de Jean-Jacques Rommes net onbedéngt berechtegt, néierens géingen et souvill CDIe ginn ewéi hei zu Lëtzebuerg.

Bei den Zäitspuerkonten am Privatsecteur wier et net esou, datt d'Patronat géing blockéieren, mä et wieren d'Gewerkschaften déi dat wat et bei de Banke scho méi laang gëtt géingen a Fro stellen.

D'Eropsetze vun 52 op 78 Woche bei de Krankmeldunge wier problematesch. D'Limitt wou een d'Aarbecht verléiert hätt net solle generell erop gesat ginn, mä bei Härtefäll sollt gekuckt gi wat ee kéint maachen.

D'Gewerkschafte géinge sech dacks a Saache mëschen, déi eigentlech net hiren Territoire wieren, esou den Administrateur vun der Unioun vun den Entreprisen, e Beispill heivir wieren d'Diskussioune ronderëm d'Ouvertureszäite vun de Geschäfter.

Allgemeng wier de Sozialdialog an de leschten 10-15 Joer méi schlecht ginn, esou nach de Jean-Jacques Rommes. An den eenzele Betriber wier deen Dialog allerdéngs gutt.

Invité vun der Redaktioun e Mëttwoch de Moie war den Administrateur délegué vun der UEL.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren
Back to Top
CIM LOGO