Wat en TheaterJong Gréng eleng, well Känguru ouni Kartheiser

Luc Marteling
Um Theaterstéck "Ein Känguru wie Du" scheede sech - nach ëmmer - d'Geeschter, well et behandelt d'Homosexualitéit.

A well et um Programm vun de Kanner an der Grondschoul steet, hat sech den ADR-Deputéierte besuergt gewisen an dem Educatiounsminister eng parlamentaresch Fro gestallt. Déi och héich Welle geschloen huet.

De Claude Meisch hat dorop geäntwert an och getwittert:

"All Mënsche gi fräi gebuer, mat gläicher Dignitéit a mat deene selwechte Rechter" - A well all Mënsche gläich sinn, sinn och all Famillje gläich. Et ka weder eng natierlech nach eng onnatierlech Famill ginn. Et gëtt just Familljen.

RTL-NEWS vum 8. Dezember mat ganz ville Lieser-Reaktiounen: No Aussoe vum Fernand Kartheiser - Claude Meisch: "Weder natierlech nach onnatierlech ... Et gëtt just Familljen"RTL-NEWS vum 12. Dezember: Känguru-Affär - ADR-President: Froe vum Fernand Kartheiser am Sënn vun der Partei.Déi jonk Gréng haten dem Fernand Kartheiser souguer eng Invitatioun an en Ticket fir d'Theaterstéck geschéckt, fir et zesumme mat him ze kucken a géint Viruerteeler ze kämpfen, ma den Deputéierten huet "Nee, Merci" gesot. Zu enger Ausernanersetzung mat dem gréngen Nowuess sot hie sech awer bereet an huet a senger Äntwert och ewell opgezielt, wéi eng Themen him wichteg sinn ... een si sech jonk Gréng an ADR-Politiker op alle - nach - net ...

Back to Top
CIM LOGO