Tëscht Alzeng a RéiserJonk Automobilistin verléiert Kontroll iwwert hire Won a geet de Rampli erof

RTL Lëtzebuerg
Um Méindeg de Moie virun 8 Auer koum et zu engem Accident um CR157.
© Domingos Oliveira

An enger Rietskéier huet eng jonk Automobilistin d’Kontroll iwwert hiren Auto verluer. Si krut e Bam frontal mat der lénker Säit ze paken an ass dono de Rampli erofgaangen. De Bam wéi och d’Gefier goufe bei dësem Accident beschiedegt, d’Automobilistin dogéint ass RTL-Informatiounen no ouni gréisser Blessuren dovukomm.

Well den Auto an enger Heck am Rampli hänke bliwwen ass, ass d’Ofschleefe vum Gefier méi komplizéiert, wéi geduecht, esou datt et méi laang zu Problemer am Trafic tëscht Alzeng a Réiser koum.

Back to Top
CIM LOGO