Service volontaireJonker schaffe fräiwëlleg fir de gudden Zweck

Isabelle Henschen
All jonke Mënsch tëscht 16 an 30 Joer ka sech fir 3 bis 12 Méint fräiwëlleg am Kader vun engem Service volontaire engagéieren.
Service Volontaire / Rep. Isabelle Henschen (15.10.19)
All jonke Mënsch tëscht 16 an 30 Joer ka sech fir 3 bis 12 Méint fräiwëlleg am Kader vun engem Service volontaire engagéieren.

Dëse gëtt zu Lëtzebuerg an engem Gesetz definéiert. Déi Interesséiert kënne sech beim Service National de la Jeunesse mellen. De SNJ huet e Reseau vun 200 agreéierten Organisatiounen, déi jonk Leit fir e Fräiwëllegendéngscht kënnen ophuelen.

Méiglech si Projeten hei am Land, an Europa oder a Kooperatiounslänner. Am Joer 2018 hunn 224 Lëtzebuerger e Service volontaire ugefaangen, 21 Europäer sinn zejoert op Lëtzebuerg komm. Eng Pai kritt ee wärend dëser Zäit net, mä et soll déi engagéiert Persounen och näischt kaschten. Dat heescht, datt de Service National de la Jeunesse hinnen Täschegeld iwwerweist a sech och ëm Transport a Logement këmmert. De Fräiwëllegendéngscht soll eppes sinn, wat all Mënsch tëscht 16 an 30 Joer maache kann, egal wéi en finanziell gestallt ass.

Weider Informatiounen ginn et um Site: www.volonatires.lu

Back to Top
CIM LOGO