Belval"Journée de la Police" e Sonndeg um Site vum Escher Héichuewen

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg den 18. Juni invitéiert d'Police op hire groussen Dag um Site vum Escher Héichuewen zu Belval. Ënnerschiddlech Stänn an Expositioune si geplangt.
Op der Editioun 2019 konnt een ënnert anerem ee Policehelikopter bestaunen.
Op der Editioun 2019 konnt een ënnert anerem ee Policehelikopter bestaunen.
© RTL-Archiv

Vun 10 Auer moies u kënnen Interesséierter déi verschidden Aspekter vum Police-Beruff méi genee ënner d’Lupp huelen. Um Programm stinn ënnert anerem Demonstratioune vu Praktike vun de Spezialunitéite vun der Police, en Atelier fir Kanner an deem dës selwer no Spuere vun engem Verbrieche siche kënnen, an Expositioune vun ënnerschiddleche Gefierer vun der Police.

Och de Rekrutement spillt op dësem Dag eng wichteg Roll, wéi et an engem Communiqué vun der Police heescht. Am “Recruitment Center” kann all interesséiert Persoun sech mat der Ekipp austauschen an hir Froen zum Job, den Ausgaben an de Karriäresméiglechkeeten an der Police stellen.

Weider Infoe fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO