Bilan vun den éischte 6 MéintJugendherberge ginn 2023 ëmmer méi beléift

Monica Camposeo
Mat bal 94.000 Visitten an den éischte sechs Méint vun dësem Joer huet d'Veianer Schlass en neie perséinleche Rekord opgestallt.
Jugendherberge ginn 2023 ëmmer méi beléift
Dat sot den Tourismusminister Lex Delles en Donneschdeg op der Bilan-Presentatioun vun der éischter Hallschent vum Joer.

Dat sot den Tourismusminister Lex Delles en Donneschdeg op der Bilan-Presentatioun vun der éischter Hallschent vum Joer. Am meeschte besicht ass mat iwwer 144.000 Visitten de Märchepark zu Beetebuerg.

Tourismusbilan éischt Halschent 2023 / Reportage M. Camposeo

Allgemeng hätt den Tourismus erëm den Niveau vu virun der Pandemie erreecht. Wat d’Iwwernuechtungen ugeet, esou hunn d’Campingen net grad esou vill Succès gehat, do ass et just eng minimal Hausse par rapport zum leschte Joer. Iwwerdeems hunn d’Jugendherberge mat 20 Prozent am meeschte bäigeluecht. Am Ganze sinn d’Iwwernuechtungen ëm 6 Prozent geklommen, ganzer 417.000 Touristen hunn an der éischter Hallschent vum Joer am Grand-Duché geschlof. Dovunner waren der ronn 180.000 Awunner vu Lëtzebuerg.

Aktivtourismus am Fokus

2023 hätt ee bemierkt, dass méi Touristen aus Spuenien, den USA oder England ënnerwee waren. Dat géing weisen, dass déi geziilt Promotioun zum Beispill vum Gedenktourismus oder nach vun de Schlässer seng Friichten dréit.

Am Fokus steet dëst Joer iwwerdeems den Aktivtourismus, esou de Minister Lex Delles. Et wier wichteg, dat ze promouvéieren, wat Lëtzebuerg och gutt kann, fir dass d’Leit dat fannen, wat si sichen.

D’Digitalisatioun ass mat der Applikatioun “Visit Luxembourg” ausgebaut ginn. Doriwwer wier et och méiglech, Attraktiounen, wou vill Leit sinn, méi wäit erofzesetzen an anerer ze Highlighten, esou dass d’Touriste sech besser am Land verdeelen an och eng besser Erfarung maachen, wa si hei sinn. Mat der Applikatioun an den Internetsitte kann een och op engem Bléck an “Themeberäicher” sichen, wat een interesséiert. Och punktuell Evenementer uechter dat ganzt Land kéinten esou méi einfach promouvéiert ginn.

© Monica Camposeo / RTL

PDF: Tourismusbilan

Back to Top
CIM LOGO