Sich no LéisungenKäerjenger Contournement erëm am Gespréich bei "déi Lénk"

Claudia Kollwelter
Déi Lénk hu sech den Ament erëm mam Dossier vum Contournement beschäftegt a sichen no Léisungen, fir dass kee Bësch muss drënner leiden.
© Luc Rollmann / RTL Télé Lëtzebuerg

Mir hunn all d'Argumenter an der Hand, fir ze verhënneren, datt Bësch muttwëlleg zerstéiert gëtt wéinst dem Käerjenger Contournement, dat sot de Serge Urbany vun déi Lénk e Freideg de Moien op enger Pressekonferenz. D'Partei wollt dem Dossier nach emol op de Fong goen an huet en Avis juridique ugefrot, deen hinnen an hiren Argumentatioune Recht gëtt. Fir déi Lénk ginn et nach ëmmer Alternativen, fir déi reell Situatioun vu Loftverschmotzung ze léisen.

Contournement Käerjeng/Reportage CLaudia Kollwelter

Eent vun den Argumenter fir de Käerjenger Contournement sinn nämlech d'Stéckstoffwäerter op der Haaptstrooss zu Käerjeng. Mä d'Myriam Cecchetti betount awer och, datt dee Problem elo schonn zanter 18 Joer besteet:

"Dat heescht mir hunn elo 18 Joer gewaart, fir d'Léisung vum Contournement ze hunn, deen dann nach 5 oder 10 Joer brauch, ier e gebaut ass. An esou laang loosse mer d'Leit dann an där onméiglecher Situatioun liewen."

An dobäi géing et vill punktuell Léisunge ginn, déi een direkt a mat wéineg Geld ëmsetze kéint:

"Mä dat gëtt einfach net gemaach, fir d'Leit eigentlech als "Otage" ze huelen, fir dee Contournement duerch ze boxen. An ech denken, datt déi Leit, déi do wunne, roueg kéinte sech manifestéieren an ukloen, datt bis elo näischt gemaach ginn ass. Dat ass eng Schan eigentlech. "

De Serge Urbany huet ënnerstrach, datt de Contournement de wéinege Bësch, deen d'Gemengen Käerjeng a Suessem huet, zerstéiere géing.

De Schued wier enorm:

"Et sinn landwirtschaftlech Flächen, déi direkt verschwannen, 9 Hektar. Et sinn landwirtschaftlech Flächen, déi wäerte verschwannen, wann d'Kompensatiounsmesure kommen. Dat ganzt ass e Gebitt wat vill genotzt gëtt, fir spadséieren ze goen a Vëlo ze fueren, an dat vu Leit vu béide Gemengen. "

Schonn an de 70er Jore goung vum Contournement riets. Fir déi Lénk ass net ze verstoen, datt per force versicht gëtt dee Projet duerch ze boxen. Si hu kloer Virstellungen, wéi et viru goen soll:

"Mir wëlle mat all de politesche Parteien an gesellschaftlechen Organisatiounen iwwert d'nei Beuerteelung vum Dossier diskutéieren an Initiativen ergräifen, fir datt d'Emissiounen direkt mat einfachen a schnelle Moyenen erof gesat ginn, déi mir schonn all an der Variant 0 opgelëscht hunn. "

Datt per force um Contournement festgehale gëtt, erkläert sech d'Myriam Cecchetti vun déi Lénk doduerch, datt verschidde Persounen einfach net wéilten zouginn, datt si an deem Dossier falsch louchen. Et misst een allerdéngs onbedéngt an eng aner Richtung goen a Stäerkt weisen.

(1)Dossier de presse et vidéo - conférence de presse biodiversité/contournement Bascharage

Back to Top
CIM LOGO