ArcelorMittalKaf vun hallwem Siège ass eng "apaart" Affär

RTL Lëtzebuerg
D'lescht Woch huet d'Regierung e Projet de Loi deposéiert, mat deem de Staat ArcelorMittal d'Hallschent vu sengem neie Siège um Kierchbierg ofkeeft.
Den ale Siège vun ArcelorMittal
Den ale Siège vun ArcelorMittal
© RTL Archiv

Fir 273,5 Milliounen Euro kritt de Staat 18.000 Meter Carré Bürosfläch – dat ass de Baukäschtepräis. An do soll an Zukunft ënnert anerem Bâtiments publics eraplënneren. Eng “ganz apaart Operatioun”, déi eng ganz Rëtsch Froen opwërft, fënnt d’CSV.

“Apaart Affär” - Siège vun Arcelor-Mittal

Wann de Staat 273,5 Milliounen Euro bezilt, da géif de Metercarréspräis fir d’Bürosfläch dem CSV-Deputéierte Laurent Mosar senger Rechnung no bei iwwer 13.000 Euro leien. “Souguer fir Lëtzebuerger Verhältnisser en extrem héije Präis.”

D’Gebai ass vum franséische Stararchitekt Jean-Michel Wilmotte entworf an eng Konstruktioun aus Stol a Glas. E Prestigebau, seet de Laurent Mosar a freet, ob et noutwenneg ass, “datt de Lëtzebuerger Staat seng Administratiounen a Ministèren an esou engem Prestige-Objet ënnerbréngt”.

Den Infrastrukturminister François Bausch vun déi Gréng seet, de Staat hätt fir seng eege Besoinen och kënne selwer bauen. “Dann hätte mer vläicht anescht gebaut, wéi si gebaut hätten. Da wier de Präis vun de Baukäschten hier en anere gewiescht.” Hien ënnersträicht awer, datt de Staat seng Hallschent zum “Gestehungspräis” keeft. ArcelorMittal mécht also kee Benefice op der Vente.

De Siège vum Industriebetrib hei halen

De Minister gëtt och ze bedenken, datt d’Regierung virun enger hallwer Dose Joren ArcelorMittal den Terrain fir den neie Siège um Kierchbierg ugebueden huet. “Dat war natierlech e Choix, deen ee getraff huet.” An dat well een “op der Landkaart vun der Welt awer och gären ee gréisseren Industriebetrib zu Lëtzebuerg drophätt.” Net just Entreprisen aus der Finanzbranche oder Satellitten.

De Laurent Mosar, seet, CSV-Informatiounen no wier 2006 bei der Iwwernam vun Arcelor duerch Mittal, festgehale ginn, datt de Siège vum fusionéierte Betrib zu Lëtzebuerg bleift. Dat war, seet hien “ee wesentlecht Element vun der Negociatioun deemools tëscht der Regierung an de Responsabele vum Grupp ArcelorMittal”. D’CSV muss et wëssen, hir Ministere souzen deemools mat an deenen Negociatiounen. Dofir freet de Laurent Mosar, ob dee Siège dann a Fro gestallt war an “ass dat do dann d’Conditio sine qua non, datt de Grupp ArcelorMittal dann definitiv bei eis am Land wäert bleiwen?”

De François Bausch seet iwwer e méigleche Réckzuch: “‘t ass net gedreet ginn, domat. Mee zumindest war d’Probabilitéit awer reell um Dësch.”

D’Parzell, déi een dem Stolproduzent fir den neie Siège um Kierchbierg ugebueden huet, wier schonn deemools ze grouss gewiescht fir der ArcelorMittal hir Besoinen, erkläert de François Bausch. Fir keen Terrain ze verbëtzen, hätt een ArcelorMittal deemools gesot: “Mir hätten awer gären, datt do de Maximum, deen do ka gebaut ginn, och do gebaut gëtt.” Antëscht brauch de Stolbetrib awer nach manner Plaz fir Mataarbechter um Siège an de Bürosmarché ass net méi sou lukrativ.

Vill staatlech Operatiounen, fir ArcelorMittal Liquiditéiten z’iwwerweisen

Den Terrain, op deem d’Gebai, dat K22 genannt gëtt, gebaut gëtt, gehéiert dem Fonds d’urbanisation et d’aménagement du Plateau du Kirchberg (Fuak), dee sengersäits dem Staat gehéiert. De Fuak huet ArcelorMittal en Droit de Superficie fir 75 Joer accordéiert an dofir soll de Betrib 96,7 Milliounen Euro Loyer bezuelen. Och deen Droit de Superficie ass am Budget matagerechent. Et ass deen décksten Eenzelposten am Budget vu ronn 500 Millioune fir den neie Siège iwwerhaapt. Dofir seet de Laurent Mosar: “Hei bezilt am Fong de Staat sech selwer en Droit de Superficie.”

Dat wier awer comptabilitéitstechnesch esou richteg, seet den Infrastrukturminister. De Fuak géif seng Einnamen asetzen, fir d’Infrastruktur um Kierchbierg ze bauen an Terrainen z’erschléissen. De Staat géif och fir aner Gebaier um Kierchbierg Loyer un de Fonds Kirchberg bezuelen.

Dobäi ass dësen Accord awer Deel vu gréisseren Negociatiounen tëscht ArcelorMittal an der éischter blo-rout-grénger Regierung. 2016 war ee sech nämlech eens ginn, datt ArcelorMittal dem Staat Industrie-Frichen a verschiddenen Uertschaften zu ënnerschiddlech Präisser iwwerléisst, fir Wunnengen drop ze bauen. Terrainen, déi ënnerschiddlech polluéiert waren a wou de Staat also deemno nach muss considerabel Zommen investéierten, fir d’Terraine fir de Wunnengsbau ze rengegen. De Staat hat dat selwecht Joer och iwwer seng Investitiounsbank SNCI mat 60 Milliounen Euro bei der Kapitalerhéijung matgemaach, déi de Betrib deemools dréngend gebraucht huet. E puer Joer virdrun, hat de Staat iwwert d’Spuerkeess agegraff, fir den ale Siège op der Avenue de la Liberté op der Gare ze kafen, deen ArcelorMittal zougemaach hat, well den Entretien ze deier gi war. Déi Operatioun hat d’Spuerkeess deemools tëscht 79 an 200 Milliounen Euro kascht.

Industriebetrib oder Finanzholding?

Am Rapport annuel vum Joer 2021 – dee fir zejoert gëtt eréischt am Mäerz presentéiert – kann een iwwerdeems noliesen, datt ArcelorMittal dee Moment ronn 8,5 Milliarden Dollar als Avoiren am Bilan agedroen hat, wéinst vergaangene Perten an Ofschreiwungen, déi iwwert déi nächst Joren zu Lëtzebuerg als Steierkreditter kënne geltend gemaach ginn. Wann et dem Betrib da geléngt, fir op mannst 33,7 Milliarden Dollar Beneficer ze versteieren, fir déi Steierkreditter kënnen ze notzen, ier se verfalen. De Management rassuréiert d’Aktionären, datt dat wäert klappen, een déi 8,5 Milliarden Dollar Steierkreditter also net wäert verléieren. Dat ënnert anerem, well ArcelorMittal SA zu Lëtzebuerg säi Business Modell fir d’Stolproduktioun un seng Filiale franchiséiert huet, déi da wéi Fast-Food-Restauranten vun enger Chaine, Nëtzungsrechter bezuelen. A well Lëtzebuerg, en Accord mat der Gesamtverschëldung vum Grupp, deenen anere Filiale vum Grupp Kreditter gëtt, op deene se Zënsen bezuelen, déi e versteierbart Akommes duerstellen.

Déi Steierkreditter wieren ëm e Villfacht méi grouss, gëtt den Aktionären erkläert, wann 2016 d’Lëtzebuerger Steiergesetzer net geännert gi wieren. Dat war deemools ënnert dem internationalen Drock geschitt, d’Steiergesetzer unzepassen, fir datt grouss Multinationalen keng Steieroptimiséierung méi kéinte maachen. Virdru war et méiglech, datt d’Betriber sou Perte onendlech laang konnten halen an au Besoin géint Beneficer bei der Steierverwaltung geltend maache konnten.

Nach e Gebai aus Stol a Glas

Dobäi kënnt, datt Gebaier aus Stol- a Glas energeetesch problematesch sinn. Dat ass kee Geheimnis. D’Gebai vun der Chambre de Commerce um Kierchbierg, an där d’Patronen vun der Arbed laang d’Soen haten, ass aus Arbeds-Stol a Glas gebaut. Et ass am Wanter schwiereg ze hëtzen an am Summer schwiereg ze killen. De neie Siège vun ArcelorMittal huet den Informatiounen aus dem Projet de loi no just eng Wärmeschutzklass “C”. Dat ass deemno d’Performance vum Gebai selwer. Datt um Energiepass herno eng Klass “A” steet, läit also dorun, datt d’Gebai un d’Fernwärmenetz um Kierchbierg ugeschloss ass, dat mat Holz funktionéiert an dorun, dass Photovoltaikanlagen op den Dag geluecht ginn. Dat verbessert de Verbrauch vun der primärer Energie an dowéinst steet d’Gebai am Gesamtresultat manner schlecht do.

“Wann ee mer géing d’Fro stellen, wann der selwer gebaut hätt, hätt der dat och am Stol an am Glas gebaut? Mat grousser Warscheinlechkeet hätten mir dat net esou gebaut.”, seet dozou de François Bausch.
Déi onduerchsichteg Elementer vun der Fassad gi mat Steewoll isoléiert, heescht et am Projet de loi. Ee vun de grousse Steewoll-Produzenten an Europa ass bekanntlech d’Firma Knauf, déi sech wollt zu Suessem néierloossen. Si hat wéinst hire potentiellen Emissiounen u Schuedstoffer an der leschter Legislaturperiod fir Sträit tëscht dem Ëmwelt- an dem Wirtschaftsministère gesuergt an 2019 schliisslech déisäits der Grenz am franséischen Illange e Wierk opgemaach.

Back to Top
CIM LOGO