MilitärfligerKann den A400M als Läschfliger an den Asaz?

Roy Grotz
De belsch-lëtzebuerger Militärfliger kann - mam néidegen Equipement - an den Asaz kommen, wa Bëschbränn solle mat Waasser vun uewe geläscht ginn.

Entspriechend Tester mam A400M a Spuenien, wou dës Fligere géint Bëschbränn agesat goufen, waren e Succès. Bei dësen Interventioune kënnen 20 Tonne Waasser bannent 10 Sekonnen ofgeworf ginn.

De Verdeedegungsminister François Bausch confirméiert dem ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser a senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro, datt och de Lëtzebuerger A400M potentiell kéint bei esou Interventioune géint grouss Bëschfeiere gebraucht ginn.

Aktuell géifen et awer nach keng Diskussioune ginn, fir zesumme mat der Belsch en entspriechende Kit ze kafen, fir de Fliger domat ze equipéieren.

Well duerch de Klimawandel awer géifen d’Bëschbränn zouhuelen, wier net auszeschléissen, datt et zu sou Decisiounen kënnt, fir den A400M och als Läschfliger ze notzen.

Bei Interventioune géint Bëschbränn am Süde vu Frankräich kommen iwwerdeems aktuell déi sougenannt Canadair-Maschinnen an den Asaz, déi e puer Dausend Liter Waasser kënnen an 10 Sekonnen erofgeheien.

Back to Top
CIM LOGO