Invité vun der Redaktioun (30. Mäerz) - Guill KaempffKappzerbrieches wéinst Aarbechten an der Neier Avenue

RTL Lëtzebuerg
Invité vun der Redaktioun e Freideg de Moie war de President vum Stater Geschäftsverband.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Guill Kaempff
Invité vun der Redaktioun e Freideg de Moie war de President vum Stater Geschäftsverband.

En exzeptionelle Chantier, dee vill Neierungen a vill Schwieregkeeten mat sech bréngt an deen et esou nach ni an der Stad gouf, esou beschreift de President vum Stater Geschäftsverband Guill Kaempff déi geplangten Aarbechten um neien Tram-Tracé a Richtung Stater Gare. De Geschäftsverband wier den Ament a ville Reuniounen mat de verschiddenen Acteuren. Et géif ee gutt gebrieft. Nawell mécht den Impakt vun den Aarbechten besonnesch an der Neier Avenue der Geschäftswelt do vill Kappzerbrieches.

De Guill Kaempff

De Guill Kaempff huet de Moien vu 50 bis 80 Geschäfter geschwat déi kéinten negativ betraff sinn. Bei de finanziellen Entschiedegungen ass de President vum Geschäftsverband weider net konkret ginn. Op deem Punkt hat och schonn de Premier op der Generalversammlung vun der Union commerciale des Woch säi Veto ageluecht. Ënnerstëtzung vu Politik a Police fuerdert de Stater Geschäftsverband fir de Sécherheetsproblem an der Aler Avenue an de Grëff ze kréien. D'Problematik vun den Drogendealer hätt sech elo zanter enger Zäitchen vun der Stroossbuergerstrooss dohinner verlagert.

De Guill Kaempff

Diskussioune mat de Membere gëtt et den Ament nach iwwert d'Ouvertureszäiten an der Woch. D'Iddi ass e "Summer-Wanter-Horaire" anzeféieren. Dat heescht d'Geschäfter géifen am Fréijoer/Summer 1-2 Stonne méi laang owes op bleiwen an am Wanter beim aktuellen Horaire bleiwen.

Invité vun der Redaktioun e Freideg de Moie war de President vum Stater Geschäftsverband.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren
Back to Top
CIM LOGO