Op SilvesterKaum Amendë wéinst Knupperten

RTL Lëtzebuerg
Trotz explizittem Verbuet vu Knupperten oder Freedefeier an 80 Gemengen, huet et uechter d'Land geknuppt. Amendë goufen der awer kaum ausgestallt.
© Police Archivbild

Kaum Amendë wéinst Knupperten / Reportage François Aulner

An der Silvesternuecht, tëscht 8 Auer Owes a 6 Auer Moies, gouf d’Police ronn 70 Mol wéinst Kaméidi geruff. A ronn 40 vun deene Fäll war et wéinst Knupperten oder Freedefeier, sou d’Police op Nofro hin. Bei Verstéiss géint d’Gemengereglement wieren Amendë vun 145 Euro fälleg. Där goufen der awer kaum ausgestallt, well meeschtens wann d’Police op d’Plaz kucke komm war, wier keng Persoun méi do gewiescht. An anere Fäll wier et schwiereg gewiescht auszemaachen, vu wou aus de Knuppert geschoss gi wier. Eng genee Zuel vun Amenden hätt een awer kuerzfristeg net, sou nach d’Police.

Trotz Verbuet huet et an der Nuecht op den 1. Januar uechter d’Land, och do wou et verbuede war, geknuppt. Notamment zu Esch, déi gréisst Gemeng, wou Knupperten ouni Ausnam verbuede sinn. Den CSV-Deputéierten a Buergermeeschter vun Esch, de Georges Mischo, verséchert awer, datt zanter 2017, zanter seng Gemeng Freedefeier a Knupperte fir Silvester verbitt, vill manner géing geschoss ginn ewéi virdrun.

“Ech sinn och net naiv als Buergermeeschter a mengen, mat engem Verbuet kéint een alles an de Grëff kréien, mä t’ass awer vill vill manner ewéi déi Jore virdrun, wou et nach erlaabt war”, sou de Georges Mischo.

D’Gemeng géing och net d’Police erausschécken, fir d’Leit opzeschreiwen. D’Verbuet hätt schonn eng Wierkung. D’Awunner géinge bestätegen, datt manner Kaméidi a manner Dréck no Silvester op der Strooss zu Esch ass. Der Gemeng Esch géing et mam Verbuet och drëm goen, datt jidderee seng Responsabilitéiten iwwerhëlt:

“Wann eng Kéier sollt eppes geschéien, ech soe lo e gréissere Brand, oder iergend e gréissert Accident, da kann een deene Leit, déi dat verursaacht hunn, soen: et war awer verbueden an dir hutt iech iwwert e Reglement vun der Gemeng ewechgesat an da sidd dir elo och responsabel”.

Et soll een dem Georges Mischo no net ëmmer de Leit all Responsabilitéit ewechhuelen, soss géing een ufänken e “Polizeistaat” ze ginn.

An der Haaptstad ware Freedefeier a Knupperten fir Silvester och net erlaabt. D’Staater Gemeng hat virum Joreswiessel – am Géigesaz zu sëllegen anere Gemengen - de Verbuet net ausdrécklech rappelléiert, mee just op Nofro hi recommandéiert opzepassen, wann ee Freedefeier oder Knupperten op privatem Terrain benotzt. No Silvester huet ons d’Gemeng matgedeelt, datt een “net speziell méi Dréck vu Freedefeier” fonnt hätt. Just eng Plaz hätt erausgestach an zwar d’Ausiichtsplattform bei der Gëlle Fra.

Generell hätten d’Zerwisser vun der Stater Gemeng dëst Joer nom Joreswiessel méi Dréck op der Strooss fonnt ewéi déi Jore virdrun, heescht et weider. D’Gemeng erënnert awer drun, datt déi Jore virdru Restriktiounen wéinst der Pandemie dozou gefouert hunn, datt manner Leit ënnerwee waren.

Back to Top
CIM LOGO