Projet Data-Zenter zu BiissenKee Liewenszeeche vu Google

Diana Hoffmann
De Projet Google Data-Zenter zu Biissen wier net dout, mee léich de Moment op Äis, seet den LSAP-Wirtschaftsminister Franz Fayot.
© RTL Grafik (Archivbild)

De Minister war no der Wirtschaftskommissioun en Donneschdeg de Moie vun der CSV dorop ugeschwat ginn. PAG a PAP géinge virleien, mee Google géing de Moment awer, wéi et schéngt, net un den Ëmweltimpaktstudie weiderschaffen.

Fir den CSV-Deputéierte Laurent Mosar ass awer kloer, datt de Projet Data-Zenter dout wier an den Terrain, sou grouss wéi 46 Futtballfelder, sou séier wei méiglech nees fräi misst ginn. Hie kritiséiert d’Prozeduren am Ëmweltministère, déi sou schwéier a laangwiereg wieren, datt potentiell Investisseure géingen d’Flemm kréien.

Bis Mëtt 2024 muss Google d’Baugeneemegunge fir hire Projet ufroen. Soss huet de Staat d’Virverkafsrecht op den Terrain fir de Präis, fir deen e verkaaft gouf. Wann déi 2 Parteien awer sech eens sinn, kann dësen Delai nach verlängert ginn.

Back to Top
CIM LOGO