Wandhaff-GarnechKéier verpasst a mam Auto 4 Beem ze pake kritt

RTL Lëtzebuerg
Géint 10.30 Auer koum et op der Streck tëscht Garnech an dem Wandhaff zu engem Accident.
© Olidom Multimedia

De Chauffer, deen an Direktioun Garnech ënnerwee war, hat d'Kéier verpasst an ass ongebremst mat sengem Won iwwert e Rampli ewech geflunn. Den Auto krut 4 Beem ze paken, 2 dovun sinn duerch de relativ heftegen Opprall ëmgefall, an ass duerno an engem Bësch un d'Hale komm.

De Mann koum uerg verwonnt an d'Spidol. D'Streck war wärend de Rettungs- an Opraumaarbechte fir ronn 40 Minutte gespaart. Op der Plaz waren d'Pompjeeë Koler a Mamer mat enger Ambulanz, de Samu an d'Police.

FOTOGALERIE: Andréck vun der Onglécksplaz.

Back to Top
CIM LOGO