Presenz vun Ecoli-BaktérienKéis vun der "Fromagerie d'Anjouin" zeréckgeruff

RTL Lëtzebuerg
De Kéis "Selles-sur-Cher AOP" der "Fromagerie d'Anjouin" kéinte mat Ecoli-Baktérie belaascht sinn a ginn dowéinst zeréckgeruff.
© Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire

Wéi d’Veterinär-a-Liewensmëtteladministratioun an engem Communiqué schreift, kéinten d’Bakterien eng Daarmgripp ausléisen. Bei jonke Kanner kéint et iwwerdeems zu Schwieregkeete mat den Niere kommen.

Vum Réckruff betraff ass de Kéis “Selles-sur-Cher AOP” am Geschniddenen an an der Barquette mam Oflafdatum vum 10. Oktober. Béid Produite goufen tëscht dem 23. an dem 18. August am Auchan verkaf. Et kéint allerdéngs net ausgeschloss ginn, dass de Kéis och op anere Plazen an der Vente war.

© Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire

Back to Top
CIM LOGO