Mat den éischte Fréijoersfester wéi den Éischt-Mee-Feierlechkeeten zitt d'Geschäft normalerweis erëm richteg un. De leschte Weekend wär quasi den Optakt zu der e bësselche méi sëffeger Saison gewiescht.
Den Ament hunn deemno och d'Depositairen et ganz schwéier, Fester an Evenementer si bekanntlech ofgesot, Restauranten zou an d'Mataarbechter gréisstendeels am Chômage partiel.
Dofir huet ee säi Businessmodell versicht unzepassen, et liwwert een elo zum Beispill och méi u Privatleit, praktesch grad an dësen Zäiten.
Ma dat fänkt bei wäitem net dat op, wat ee mat Fester an Horesca soss emol un Ëmsaz gemaach hätt.
