"Insight Liquidity Funds"Keng Autorisatioun, fir op der Finanzplaz ze operéieren

François Aulner
Op hirem Internetsite behaapt de soi-disant Fong eng Autorisatioun ze hunn, ma dat géif awer net stëmmen, esou d'CSSF.
© RTL Archiv

D’Iwwerwaachungskommissioun vun der Finanzplaz CSSF huet dës weideren déi neisten Zuelen iwwert d’Fongenindustrie matgedeelt.

D’Zuel u Fongen an d’Gesamt-Zomm vu Geld, déi vu Fongen zu Lëtzebuerg geréiert ginn, waren Enn Dezember op e neits zeréckgaangen.

Enn vum Joer ware ronn 3.900 Fongen zu Lëtzebuerg aktiv. D’Joer virdru waren et der nach ronn 4.040.

Wat d’Zommen ugeet, ware 4.060 Milliarden Euro ënner Gestioun, also 100 Milliarden Euro manner wéi d’Joer virdrun.

Lëtzebuerg huet weltwäit déi zweetgréisst Fongeplaz, just hannert den USA.

Back to Top
CIM LOGO