Urteeler an 3 DossierenKeng Cassatioun an der Aueren-Affär vum Flavio Becca

RTL Lëtzebuerg
Um Cassatiounsgeriicht an der Stad sinn en Donneschdeg de Moien d'Urteeler an dräi Dossiere ronderëm d'Aueren-Affär vum Flavio Becca gesprach ginn.
De Flavio Becca mat sengem Affekoten am Juli 2022.
De Flavio Becca mat sengem Affekoten am Juli 2022.

Den Entrepreneur kritt Detournement vu Firme-Suen a Blanchiment reprochéiert, dat am Kader vu Keef vu Luxusaueren. Am Juli zejoert krut hien um Appellsgeriicht 1 Joer Prisong op Sursis an eng Geldstrof vun 250.000 Euro. Doriwwer eraus goufe ronn 850 Luxusauere saiséiert. An zwee Fäll hunn d’Cassatiounsriichter d’Demande vum Geschäftsmann ofgewisen. An engem drëtte Fall – do, wou et drëm geet, dass den Entrepreneur d’Aueren zeréckkritt – koumen d’Riichter zum Schluss, dass déi Demande irrecevabel wier.

Theoretesch bleift dem Flavio Becca elo nach d’Méiglechkeet déi Decisiounen zu Stroossbuerg unzefechten. Op eis Nofro hi krute mer vum Concernéierte gesot, datt de Verdikt vun dësem Donneschdeg wäert am Detail analyséiert an eventuell weider juristesch Schrëtt gepréift ginn.

RTL-News: Auereprozess: Flavio Becca am Appell zu 12 Méint Prisong op Sursis a Geldstrof verurteelt

Back to Top
CIM LOGO