Et gëtt keng generell Dispens vun zwee Deeg de Mount agefouert, wa Fraen hir Reegel hunn. Mä d'Diskussioun soll an engem ganzheetleche Kontext weidergefouert ginn. Dat ass d'Konklusioun vun der ëffentlecher Debatt de Mëttwoch de Moien an der Chamber, wou iwwert d'Petitioun 1865 diskutéiert gouf.
Véier Ministèren - Aarbecht, Chancëgläichheet, Santé an Educatioun - sollen elo an enger gemeinsamer Chamberkommissioun och zesumme verschidde Pisten ausschaffen, fir de betraffene Fraen d'Liewe méi einfach ze maachen. An et ass eng Sensibiliséierungscampagne fir d'Patrone geplangt. D'Ministesch fir Gläichstellung tëscht Fraen a Männer, Taina Bofferding, begréisst dës Mesure.
An deem Kader misst och d'Fuerschung zu Endometriose weider ausgebaut ginn. D'Petitioun war 4805 mol ënnerschriwwe ginn. Gutt wier et, dass d'Diskussioun duerch dës Petitioun schonn ugereegt gi wier.
D'Reegel ka ganz schlëmm sinn a virun allem dann, wann een op der Aarbecht muss maachen, wéi wann alles an der Rei wier, esou d'Petitionärin Ornella Romito de Mëttwoch de Moien an der Chamber. D'Petitionärin hat gefuerdert, datt ee ka bis zu 2 Deeg de Mount vun der Aarbecht dispenséiert ginn, wann ee Menstruatiounspéng huet.
Lëtzebuerg wier dach e fortschrëttlecht Land a kéint op dee Wee goen, wéi anerer dat virdru scho gemaach hunn. De Wéi, dee vill Fraen all Mount hunn, géif nach ëmmer ënnerschat ginn, sou d’Petitionärin. 4.805 Leit haten dës Petitioun ënnerschriwwen, domat war de Seuil vu 4.500 Signaturen, fir an der Chamber debattéiert ze ginn, iwwerschratt.
No der ëffentlecher Debatt, déi iwwregens fir d'éischt zanter der Pandemie nees am Plenarsall um Krautmaart ass, hunn d'Deputéiert an den Aarbechtsminister Dan Kersch sech zréckgezunn, fir Konklusiounen ze zéien.
Zwee fräi Deeg, wann een d'Menstruatioun huet, dat hëlleft net der Cause, dat sot d'Taina Bofferding am RTL-Interview zu der Petitioun, déi zwee fräi Deeg all Mount wéinst Menstruatiounspéng fuerdert.
Méi wichteg wier et, dass d'Reegel net méi als Tabuthema ugesi gëtt a jiddereen, deen dowéinst net ka schaffen, dat och oppe soen kann.
Automatesch alle Fraen zwee fräi Deeg am Mount ze ginn, wier awer kontraproduktiv a géing fir weider Diskriminéierung op der Aarbechtsplaz suergen. Et wier vill gemaach ginn, fir Fraen a Männer an der Aarbechtswelt déi nämmlecht Konditiounen a Chancen ze garantéieren.
Wat d'Petitioun awer elo schonn erreecht huet, ass, dass méi iwwer d'Menstruatioun geschwat gëtt an e Bewosstsinn, wéi och méi Sensibiliséierung geschaaft gëtt. Ëmmerhin ass jo d'Hallschent vun der Populatioun betraff. Ma d'Menstruatioun geet awer jiddereen eppes un, do misst och méi Opklärungsaarbecht geleescht ginn.
Fir den Aarbechtsminister Dan Kersch wier d’Diskussioun iwwert d’Dispens wärend der Reegel an engem ganzheetleche Kontext ze gesi vun enger genereller Aarbechtszäit-Reduzéierung. Dat Thema wier a sengen Aen nach ëmmer aktuell. Teletravail wier a ville Secteure keng Léisung. Besser wier et, Léisungen um Niveau vun de Kollektivverträg an de Betriber ze fannen. Eenheetlech Léisunge wieren all Zäit schwéier. Et dierft een all Zäit net d’Gläichstellung op der Aarbecht, déi een an der Vergaangenheet erreecht huet, duerch nei Mesuren a Gefor stellen.
Doriwwer eraus sot den LSAP-Vizepremier, datt de Pappecongé a sengen Ae misst genderneutral ginn an an Zukunft och opgemaach gi fir Independanten.
Véier Ministèren, Aarbecht, Chancëgläichheet, Gesondheet an Educatioun, sollen an enger gemeinsamer Chamberkommissioun och zesumme verschidde Pisten ausschaffen, fir de betraffene Fraen d'Liewe méi einfach ze maachen. An et ass eng Sensibiliséierungscampagne fir d'Patrone geplangt.