Déi kënschtlech Intelligenz demystifizéieren – dat ass d’Zil vum Online-Cours “Elements of AI”, deen d’Uni mat anere Partner fir de Grand Public ubitt. Do gëtt een och gewuer, datt déi kënschtlech Intelligenz net ëmmer frëndlech ass.
De Cybersecurity-Expert Steve Muller vu Bee Secure zéckt net laang: D’Desinformatioun seet hien, ass do, wou mer am Alldag am meeschte mat kënschtlecher Intelligenz ze dinn hunn, déi fir béiswëlleg Zwecker agesat gëtt. “Also datt Informatioune falsch verbreet ginn, déi natierlech duerch d’KI kënnen en Masse erstallt ginn.”
Donieft gëtt et och de Volet Fakes, erkläert de Steve Muller.
“Souwuel Deepfakes a Form vu Videoen, mee och a Form vu Biller, déi zum Deel benotzt ginn, fir zum Beispill Ruffschiedegung ze maachen, mee zum Deel awer och Mobbing oder Änleches.”
Ma wie stellt d’KI un, sech esou falsch Informatiounen oder falsch Biller auszedenken? Do gëtt et méi Méiglechkeeten, esou den Expert vu Bee Secure: “Dat sinn engersäits privat Acteuren, wierklech Privatleit, déi onzefridde si mat deenen hire Meenungen.”
Rezent war e jo e falsche Video zirkuléiert, an deem en Deepfake vum Premier Luc Frieden Reklamm gemaach huet, fir e falsche Finanzproduit. Ma d’Zilscheif ass net ëmmer eng ëffentlech Persoun, weess de Steve Muller.
“Et kënnen och am Privatliewen tatsächlech Leit sinn, déi probéieren, deen een oder deen aneren, duerch zum Beispill Mobbing, deem säi Ruff an den Dreck ze zeien.”
Mee et ginn och aner Hannergrënn, esou de Steve Muller: “Entweder politesch Motivatiounen, reliéis Motivatiounen, wou ganz Gruppe géint ganz aner Gruppe ginn. A wann ee souguer nach en Niveau méi héich hëlt, dat kënne souguer ganz grouss Campagne sinn, wéi zum Beispill elo fir déi nächst EU-Walen, datt do ganz Campagne vun Desinformatioun bedriwwe ginn, fir justement eng ganz Bevëlkerung ze manipuléieren.”
Wéi erkennt een da Falschinformatiounen a Fakes? De Steve Muller ass optimistesch: “Mat e bësse kritesch Denke kritt een dat oft hin.” D’Biller hätten dacks Imperfektiounen, d’Videoe wiere schlecht synchroniséiert. “Et ass oft evident, datt déi Saache gefaked sinn”, mengt der Cybersecurity-Expert.
Bei de Falschinformatiounen appelléiert hien un déi individuell Responsabilitéit, “a sech dann d’Fro ze stellen, mir hunn dat lo héieren iergendwou um Internet, mir hunn dat elo gelies mee vläicht eng zweet oder drëtt Quell nach bei Rot zéien, ob dat wierklech esou ass.” Et ass also kritesche Geescht gefrot.