Zanter iwwer 15 Joer läit dëst Areal brooch. 40 Hektar grouss ass et. An den nächste Jore wäert hei de Wunnquartier “NeiSchmelz” gebaut ginn. Verschidde Gebailechkeete vun der aler Schmelz bleiwen erhalen, wéi de “Vestiaire - Wagonnage”. Dëse gëtt vu Benevollen nei amenagéiert. Eng Zesummenaarbecht tëscht der Gemeng Diddeleng an dem DKollektiv.
Eng ganz Partie Benevoller waren um Samschdeg aktiv. Eng Hal um Site gëtt nämlech mat neiem Liewe gefëllt. Si gëtt dat neit Doheem vum DKollektiv. Dëst ass e Kënschtlerkollektiv, deen 2016 zu Diddeleng gegrënnt gouf a bis dato éischter en Nomadeliewe gefouert huet. De 14. Mee soll dëst änneren.
Den ale Vestiaire/Wagonnage besteet aus 2 Stäck. D’Plättercher um Buedem si vun CiaBatti a stamen aus de 50er Joren. Jidderee péckt eng Hand mat un. Schliisslech leeft de Countdown. A ronn engem Mount ass d’Inauguratioun.