
Op villen Niveauen notzt d’Bank elo scho Kënschtlech Intelligenz, dat notamment am Risk-Management, fir Iwwerweisungen a fir d’Gestioun vun de Kreditter.
Fir dës nei Technologie stänneg a systematesch iwwerwaachen ze kënnen, huet d’BGL BNP Paribas elo an Zesummenaarbecht mat der Uni Lëtzebuerg ee Recherche- an Entwécklungsprojet lancéiert. Zil ass et, “een intelligenten a sécheren Iwwerwaachungssystem fir all dës KI-Léisungen ze entwéckelen”, wéi et an enger Matdeelung aus dem Wirtschafts- a Finanzministère heescht. De Projet wäert eng 7,4 Milliounen Euro iwwer dräi Joer kaschten, vun deem ee Maximum vun 2,95 Millioune vum Wirtschaftsministère co-finanzéiert ka ginn.
Ma wat bedeit d’Opkommen an der KI fir d’Clientë vun de Banken? Dës Fro hu mir ënnert anerem dem Wirtschaftsminister Lex Delles an der Béatrice Belorgey gestallt, déi d’Responsabel fir d’BGL BNP Paribas zu Lëtzebuerg ass.
De Wirtschaftsminister erkläert, datt déi kënschtlech Intelligenz op der Bankeplaz eben haut scho gëtt. “Zum Beispill, wann Dir Är Visa-Kaart haut zu Lëtzebuerg benotzt, da muer zu Singapur, iwwermuer zu New York, ma da spréngt automatesch eng Alert eraus”, esou de Lex Delles. Deen heite Projet géif awer elo vill méi wäit a méi déif goen, wéi alldeeglech Kontroll. “Do sinn enorm Daten, déi zesummekommen, déi dann duerch d ‘Kënschtlech Intelligenz analyséiert ginn an da sech eebe weiderentwéckelen an do eeben de Contrôle hannendrun ze hunn.”
Fir de Client ännert sech am Alldag also net terribel vill, mee et versprécht ee sech, d’Kontroll vun den neien Technologien esou méi effizient maachen ze kënnen.
Allgemeng wäert d’KI de Service fir d’Client iwwert déi nächst Joren awer méi angeneem, an d’Aarbecht fir d’Employéeë méi einfach maachen, erkläert d’Béatrice Belorgey vun der BGL BNP Paribas. Mat Hëllef vun der Kënschtlecher Intelligenz géifen d’Servicer méi séier a méi personaliséiert ginn. Schonn haut géif ee mat KI zum Beispill E-Mailen automatesch un de richtege Service weiderleeden, wat de Clienten an de Mataarbechter vill Zäit géif spueren. Ma et hätt een awer och nach villes viru sech, esou d’Responsabel vun der BGL BNP Paribas zu Lëtzebuerg.
Ëm déi Kënschtlech Intelligenz, hir Méiglechkeeten an hir Riskien, geet et och en Donneschdeg den Owend ëm 20 Auer am Kloertext.