D'Zil vun der Regierung ass et, d'Verwaltung méi modern an effizient ze maachen. Dobäi soll d'kënschtlech Intelligenz virun allem repetitiv Aufgaben iwwerhuelen, Dokumenter analyséieren, Recherchë vereinfachen oder bei Iwwersetzungen hëllefen. Gläichzäiteg betount d'Stéphanie Obertin, datt d'Technologie de Mënsch net ersetze soll.
"Fir ons ass et wichteg, de Staat ze moderniséieren, an do ass KI elo ee feste Bestanddeel. An dofir si mir amgaangen, och ze kucken, wéi een d'KI kann am Staat asetzen. Net fir d'Leit, d'Personal oder d'Beamten ze ersetzen. Et geet hei drëm, fir hinnen ze hëllefen, hir Aarbecht méi einfach ze maachen, am Sënn vun enger Simplification administrative an d'Aarbecht vun de Beamten ze vereinfachen, an deenen Aarbechten, déi redundant sinn."Stéphanie Obertin, Ministesch fir Digitaliséierung,
No enger Testphas sinn déi nei KI-Méiglechkeeten elo fir Mataarbechter vum Staat disponibel. D'Kënschtlech Intelligenz kënnt aus den eegene Rechenzentre vum Staat an ass ënner anerem iwwer en Chatbot accessibel. Nieft der aktiver Notzung duerch d'Mataarbechter, sou den Direkter vum CTIE, soll d'Technologie elo och no an no an administrativ Prozesser integréiert ginn.
"Ee Beispill ass : een Dokument kënnt eran, de Bierger huet zum Beispill dem Staat een Dokument iwwer MyGuichet oder per Mail geschéckt, an dat Dokument muss typescherweis vun engem Beamte gekuckt ginn, e muss kategoriséiert ginn, etc. Et muss gekuckt ginn: ass et komplett? Dat sinn Etappen, déi eng KI ka maachen, a fir dat ze maachen, musse mir déi KI an déi Prozesser integréieren."Patrick Houtsch, Direkter vum CTIE,
D'KI soll domat net nëmmen d'Aarbecht vun de Verwaltunge méi séier maachen, mä och de Service fir d'Bierger vereinfachen. Gläichzäiteg stellt sech awer d'Fro, wéi sensibel Donnéeën dobäi geschützt ginn. Fir de CTIE ass genee dat eng vun de gréisste Prioritéiten.
"Ech mengen, d'Sécherheet vun den Datë läit eis um Häerz, dat ass eng ganz wichteg Saach. An dat ass och de Grond, wisou mir gesot hunn, mir hätte gären eng souverän KI. Dat ass ee vun de Grënn, dass mir déi KI an eisen eegenen Datenzentere selwer bedreiwen an d'Donnéeën de Staat net verloossen. Hei si mir sécher: wat geschitt mat den Daten, a wou sinn d’Daten."Patrick Houtsch, Direkter vum CTIE,
Doriwwer eraus schreift eng KI-Charte vir, wéi d'Technologie responsabel agesat soll ginn. Decisiounen, déi Bierger direkt betreffen, däerfen zum Beispill net eleng vun der KI geholl ginn. E Mataarbechter muss hei kontrolléieren, fir Transparenz an Zouverlässegkeet ze garantéieren.
D'Zil ass et elo, d’KI no an no och fir d'Bierger accessibel ze maachen, fir den Austausch mat der Verwaltung ze vereinfachen.