
Géint 22 Auer goufen d’Beamte vun der Police an de Garer Quartier an der Stad geruff, well zwou Persounen unenee gerode waren. Sécherheetsbeamten haten et fäerdegbruecht, déi Zwee vuneneen ze trennen an a Schach ze halen, bis d’Polizisten do waren. Séier hat sech erausgestallt, datt déi zwou alkoholiséiert Persounen Sträit matenee kruten, deen zu enger Kläpperei gefouert huet. Ee vun de Männer krut seng Roserei awer net an de Grëff. Hien huet och d’Polizisten dauernd ugejaut a souguer ob si gespaut. Well och gutt Zourieden de Mann net berouege konnt, gouf decidéiert, datt hien d’Nuecht um Policebüro dierft verbréngen.
Zu Kietscht gouf eng Automobilistin liicht blesséiert, wéi si mat hirem Gefier e Bam an eng Stroosseluucht ze pake krut. D’Polizisten op der Plaz hunn da festgestallt, datt d’Madamm däitlech ze vill Alkohol gedronk hat, esou datt si de Permis huet missten ofginn.
Agebrach gouf dann ënner anerem zu Mëlleref an zu Géisdref.