
An der Nuecht op e Sonndeg gouf d'Police uechter d'Land 90 Mol alarméiert. Dat wéinst Sträit, Kläppereien oder well d'ëffentlech Rou gestéiert gouf. An deene meeschte Fäll hat d'Situatioun sech berouegt, nach éier d'Beamten op der Plaz agetraff sinn respektiv si konnten dës séier berouegen.
E bësse méi uerg ass et awer géint 2:15 Auer an engem Club am Garer Quartier an der Stad hiergaangen. Hei hunn e puer Männer sech zerklappt. Ee vun hinnen huet dobäi och eng Matraque agesat. Hie konnt am Kader vun enger Enquête identifizéiert ginn. D'Waff gouf saiséiert. Well de Mann opgrond vu sengem alkoholiséierten Zoustand eng Gefor fir sech selwer an anerer duergestallt huet, koum hien no enger medezinescher Kontroll an den Arrest. Op Uerder vum Parquet gouf e Protokoll wéinst der Kläpperei an dem Waffebesëtz geschriwwen.