Déi 100 Memberen, déi representativ si fir d’Lëtzebuerger Gesellschaft, hu sech a Gruppen a 6 Beräicher opgedeelt – dat goung vu Landwirtschaft iwwer d’Gestioun vun den Offäll bis bei d’erneierbar Energien.
Wat d’Dréchenten ugeet, geet zum Beispill rieds iwwer e méi konsequenten Asaz vum Prinzip vum Pollueur Payeur, oder dass deen, dee säin alen Handy flecke léist, amplaz en ewech ze geheien, finanziell belount gëtt. Am Wunnengsbau misst e méi breeden a prezise Klimapass agesat ginn.
Wat d’erneierbar Energien ugeet, freet de Biergerrot, dass soll gespuert ginn, andeems fir unzefänken, emol nuets d’Luuchten an den administrative Gebaier aus bleiwen.

Iwwer d’Propose vun dëser Biergerbedeelegung gëtt Enn Oktober an der Chamber debattéiert. Do kéint sech dann och konkretiséieren, wéi eng Differenzen et, wéi et schéngt, tëscht verschiddene Membere gouf. Eng 30 Leit hätten um Enn net iwwer d’Proposen ofgestëmmt, ënnert anerem well se hinnen net wäit genuch goungen.
Dat hei wäert net einfach am Tirang leie bleiwen, hoffen d’Memberen aus dem Klima-Biergerrot. D’Regierung wier schonn un der Meenung vun de Bierger intresséiert, mengt de Fernand Reinig aus dem Aarbechtsgrupp “Gestion des Déchêts”.