RTL-InformatiounenKlore Refus vum OGBL-Nationalcomité: Tripartite-Propose virum Out?

Roy Grotz
De Kompromëss, deen no 13 Stonne laange Verhandlungen an der Tripartite d'lescht Woch fonnt gouf, hänkt un engem ganz dënne Fuedem an ass um Wackelen.

RTL-Informatiounen no gouf et nämlech am OGBL-Nationalcomité, deen um Kierchbierg beienee war, e klore Refus fir d’getraffe Mesuren. Gestouss gouf sech un dem reportéierten a moduléierten Index an de Kompensatiounen, déi jo solle via Steierkredit geschéien.

D’Gewerkschafte virun der Tripartite / Rep. Roy Grotz

Nom OGBL-Comité krute mer aus Gewerkschaftssourcë gesot, datt d’aktuell Propos vun der Regierung “net opgeet”. Allemol wäert den OGBL en Donneschdeg der Regierung seng Positioun duerleeën a Propose maachen.

Och bei den aneren zwou Gewerkschafte gouf sech natierlech an den ieweschte Gremien um Méindeg an um Dënschdeg mam proposéierte Kompromëss aus der Tripartite befaasst.

Och de CGFP-Nationalcomité war um Dënschdeg beieneen. Trotz weidere Reunioune mat der Regierung ginn et nach vill Inconnuen, duerfir sollt d’Exekutiv weider Entrevuë mat der Regierung hunn, bis een en Donneschdeg dann am grousse Krees zu Senneng nees beieneekënnt.

Fir d’Staatsbeamtegewerkschaft ass et kloer: En Accord gëtt et nëmmen, wann d’Regierung punkto Kompensatiounen zu Konzessioune bereet ass.

Am Kloertext: D’Regierung muss méi op den Dësch leeën wéi déi annoncéiert hallef Milliard Euroen.

Am LCGB-Zentralcomité gouf et den Optrag, fir weider ze verhandelen, fir esou zu engem Accord ze fannen an de Kafkraaftverloscht duerch d’héich Energiepräisser auszegläichen.

Et sinn also nach spannend Stonne bis en Donneschdeg d’Tripartite nees beieneekënnt: Nom Refus vum OGBL-Nationalcomité ass den annoncéierten Echec vun der Dräier-Ronn kloer present, och wann d’Gewerkschafte probéieren, mat enger Stëmm par Rapport zu Patronen a Regierung ze schwätzen.

Och de Staatsminister Bettel war jo kloer no de Reuniounen d’lescht Woch: Am Fall vun Desaccord wäert d’Regierung unilateral hir Responsabilitéit iwwerhuelen.

Back to Top
CIM LOGO