
Dëse Chiffer liwwert de Familljen- an Integratiounsministère. Et hu sech bësse méi Fraen an d’Lëschten agedroen ewéi Männer.
Eeler Leit sinn der Statistik no méi staark un de Kommunalwalen interesséiert ewéi Jonker. Dësen Interessi wiisst och mat der Residenz-Dauer. EU-Bierger si méi staark vertrueden ewéi Persounen aus Drëttlänner. Op 1.000 potentiell Wieler gekuckt, hu sech am meeschten déi hollännesch an déi dänesch Staatsbierger agedroen. Den héchsten Taux bei den Aschreiwunge gëtt et an de Gemenge Bech a Reisduerf. De Ministère wëll lo verstäerkt bei deene Populatiounsgruppe sensibiliséieren an informéieren, wou den Taux besonnesch niddereg ass.
Et kann ee sech bis de 17. Abrëll aschreiwen. Mat enger Ännerung am Walgesetz ass d’Residenzklausel vu fënnef Joer ewech gefall. D’Kommunalwale sinn den 11. Juni.