D’lescht Joer hu sech 22 Millioune Voyageure mat den CFL deplacéiert. Domat ass een nach net um Niveau vu virun der Kris. Iwwer 90 Prozent vun den Zich ware pénktlech. Fir 2024 huet ee sech d’Zil gesat, datt 92 Prozent vun den Zich pünklech sinn. Et goufen 2,4 Milliounen Tonne Cargo transportéiert. Déi 81 CFL-Bussen sinn 7,5 Millioune Kilometer gefuer. Beim Service Carsharing ass ee bei der nationaler Eisebunnsgesellschaft bei 60 Statiounen an iwwer 165 Autoen.
D’Perspektive viséieren ee Verbessere bei den Infrastrukturen, souwuel beim Fuerpark, wéi och bei den Infrastrukturen. Do ass ee sech bewosst dass d’Chantieren de Leit lästeg virkommen. Et misst awer sinn an et géif ee sech Méi ginn, dass d’Clienten net ze vill drun ze knaen hunn.
De Bilan vun den CFL fannt Dir hei.
