Dësen Appell huet de Cercle de coopération vun de Lëtzebuerger ONGen e Freideg de Moien op enger Pressekonferenz lancéiert.
D’Politik misst derfir suergen, dass all d’Wirtschaftsacteuren a virun allem och de Finanzsecteur responsabiliséiert ginn, esou de Jean-Louis Zeien: “Et geet net duer mat fräiwëllege Moossnamen an et gi genuch Beispiller vu Social- oder Greenwashing. Mir brauchen eng Ekonomie, zu där an de kommende 5 Joer de Respekt vun de Mënscherechter, den Asaz géint de Klimawandel an d’Erhale vun der Biodiversitéit an der Ëmwelt och wierklech dozougehéiert.”
Des Wäerter misste Bestanddeel vun der DNA vun der Wirtschaft ginn, virun allem och bei de Wirtschafts-a Finanz-Relatiounen op internationalem Plang.