
An déi si wéi et schéngt ganz harmonesch verlaf.
Déi lescht 6 Joer hu béid Parteie jo schonn zesummen an der Koalitioun geschafft, et kennt ee sech also gutt, hunn d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer an de CSV-Schäffe Serge Wilmes betount. Virun allem d’Stadentwécklung stoung de Moien am Fokus.
Serge Wilmes: “Mir sinn eis eens ginn, datt et engersäits wichteg ass, déi 24 Quartieren déi et gëtt, weider ze entwéckelen an anersäits nei Quartieren direkt esou ze bauen, datt een déi bescht Liewensqualitéit huet, och mat dem Klimawandel, ugepasst un d’Erausfuerderungen, energeetesch Transitioun, resilient maachen, d’Ëffentlech Plaze méi gréng maachen.”
Wéi gesäit et dann a puncto Ressort-Verdeelung aus?
Lydie Polfer: Mir kruten e Sëtz méi, d’CSV ee manner, mee mir wëlle bei der Zuel vu Schäffe bleiwen. iwwert d’Opdeelung vun de Chargen hu mer nach net geschwat.
Serge Wilmes: Mir sinn eis eens ginn, datt d’DP bei véier Memberen am Schäfferot bleift, mam Buergermeeschterposten a mir bei 3 mat mir als 1. Schäffen. Wien dono genee fir wat wäert zoustänneg sinn, wäerten d’Madamm Polfer an ech an de nächste Wochen diskutéieren.
Mëtt Juli soll de neie Gemengerot d’Schäfferotserklärung presentéiert kréien. D’Gespréicher sollen also idealerweis an de nächsten zwou Wochen ofgeschloss sinn.