
Eng Persoun gouf blesséiert an d'Strooss war wärend den Opraumaarbechte gespaart.

Zu Dummeldeng an der Route d'Echternach ass géint 14.50 Auer e Cyclist gefall. Ënnert anerem war de Samu op der Plaz.
Am Neiduerf an och zu Gréiwemaacher gouf et jeeweils kuerz viru 16 Auer eng Kollisioun tëscht 2 Gefierer. Hei gouf jeeweils eng Persoun blesséiert.
Géint 16.45 Auer gouf et eng weider Kollisioun tëscht 2 Gefierer, déi Kéier op der A1. An och hei ass eng Persoun verwonnt ginn.
Déi nämmlecht Auerzäit ass tëscht Mamer a Capellen a Cyclist ugestouss ginn. De Samu war op der Plaz.
Zu Bartreng gouf et kuerz viru 17 Auer e weideren Accident mat 2 Blesséierten.