Iechternacher StreckKollisioun vun e puer Autoen tëscht Dummeldeng an dem Waldhaff

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg de Mëtteg kuerz viru 17 Auer krute sech op der N11 direkt e puer Gefier ze paken. Dat op Héicht vun der "Brennerei", wou et op de Stafelter geet.

De CGDIS mellt, datt zwou Persoune blesséiert goufen.

Op der Plaz waren de Samu aus der Stad, d'Ambulanzen aus der Stad a vun Iechternach an d'Pompjeeë vun Nidderaanwen an aus der Stad.

TRAFIC: Kaart.Nom Accident huet et op der Iechternacher Streck gestaut.

De CGDIS notéiert e weideren Asaz um Sonndeg de Mëtteg an zwar huet géint 15.45 Auer um Belair am Val Fleuri eng Matrass gebrannt. Hei gouf keng Persoun blesséiert, ma et ware vill Rettungsleit op der Plaz: zwou Ambulanzen aus der Stad, d'Pompjeeën aus der Stad a vu Mamer an d'Police.

Back to Top
CIM LOGO