
Et gouf sech deemno och net un de Sécherheetsperimeter gehalen, esou de grénge Minister e Méindeg bei eis am Interview am Mëttesjournal vun RTL Radio Lëtzebuerg.
Mir hu kee Manifestatiounsgesetz, mee e Gemengereglement, dee beseet, dass et just eng Geldstrof gëtt, wann een eng Manifestatioun net umellt. D’Police hätt versicht, d’Demonstranten anzegrenzen, esou den Henri Kox. Dat misst déi nächst Kéier besser lafen an d’Police géing alles versichen, fir dass et net erëm zu esou Situatioune kënnt. Et hätt een am Viraus de leschte Samschden awer net esou vill Informatioune gehat.

Ob d’Lag net richteg ageschat gi wier, sot den Henri Kox, dass dat eng ongewinnte Situatioun wier hei am Land an et misst ee sech elo och mëttel- a laangfristeg mat der Radikalisatioun auserneesetzen. Casseuren, déi deels aus dem Ausland kommen, wieren en neit Phänomen, op dat een elo misst reagéieren. Den Demonstratiouns-Tourismus géing net acceptéiert ginn an dogéint wëll ee konsequent virgoen. Enn Januar wëll sech de Policeminister dowéinst och nach emol mat der belscher Police treffen.
Am viraus hat d’CSV-Oppositioun dervunner geschwat, datt d’Manifestatioun aus dem Rudder gelaf ass. Begrënnt gëtt dëst domat, datt fir d’xte Kéier de Sécherheetsperimeter net respektéiert gi wier an datt d’Organisatioun och net ugemellt war. U sech also eng “wëll” Manifestatioun, wou et de Manifestanten nees gelongen ass, bis an de Stadzentrum ze kommen an do fir “Tumult” ze suergen - am Wuertlaut vun der CSV.
D’CSV freet eng ferm Äntwert vun der Politik, der Police an de Geriichter, a freet iwwert de Chamberpresident d’urgence vum Chamberkommissioun fir d’bannenzegt Sécherheet beieneen ze ruffen, wou och de Policeminister Kox soll virstelleg ginn.
Am Kader vun de Manifestatiounen an den Debordementer vum leschte Samschdeg gëtt et och lo eng urgent parlamentaresch Fro, iwwerdeem d’CSV de Policeminister Kox an d’Defense-Chamberkommissioun geruff huet. Dës Reunioun ass den nächsten Donneschdeg.
Et sinn d’DP-Deputéiert Hartmann a Lamberty, déi de Minister froen, op hie vun engem Appell weess, datt d’nächst Woch och soll virum Spidol um Kierchbierg manifestéiert ginn. En entspriechenden Opruff gëtt aktuell vun engem belschen Aktivist op de soziale Reseaue verbreet a gedeelt.
D’Froe vun de bloe Majoritéits-Deputéierte sinn: Wéi wäert den Accès an d’Spidol trotz der Maniff garantéiert ginn? Ass de Protest offiziell ugemellt? A wat sinn d’Preparative bei der Police?