WeltraumKooperatiounsaccord tëscht Lëtzebuerg an den USA gouf ënnerschriwwen

RTL Lëtzebuerg
Lëtzebuerg an d'USA schaffen an Zukunft, wat déi kommerziell Notzung vum Weltraum betrëfft, méi enk zesummen.
Kooperatiounsaccord tëscht Lëtzebuerg an den USA
Lëtzebuerg an d'USA schaffen an Zukunft, wat déi kommerziell Notzung vum Weltraum betrëfft, méi enk zesummen.

Dat gesäit ee Kooperatiounsaccord vir, deen den US-amerikaneschen Handelsminister Wilbur Ross an de Wirtschaftsminister Etienne Schneider um Freideg an der Mëttesstonn hei zu Lëtzebuerg ënnerschriwwen hunn. De Grand-Duché hat am September zejoert eng Weltraumagence gegrënnt. Si soll Projete ronderëm den Ofbau vu rarer Matière Première, Buedem a Waasser am Weltraum virun dreiwen.

Kooperatiounsaccord USA/Lëtzebuerg-Rep. Pierre Weimerskirch

Den Accord tëscht den USA a Lëtzebuerg viséiert ënnert anerem ee formelle politeschen Dialog a Weltraumfroen, souwéi d'Zesummenaarbecht bei Projeten fir d'Erfuerschen an d'Notze vum Weltraum. De Wilbur Ross gesäit eng Partie amerikaneschen Entreprisen déi sech zu Lëtzebuerg neier gelooss hunn an huet Entrevuen mam Premier Xavier Bettel, dem Ausseminister Jean Asselborn an dem Finanzminister Pierre Gramegna.

Béid Länner wëllen och een internationale Kader ausschaffen, wat d'Exploitatioun vu Matière Première aus dem Weltall betrëfft. De Grand-Duché ass bis ewell dat eenzegt europäescht Land, dat dëst gesetzlech gereegelt huet. An tëscht hu sech och schonn eng ganz Rei vun Entreprisen, déi an der Weltraumtechnologie aktiv sinn, hei zu Lëtzebuerg néiergelooss.

Am Kader vum amerikaneschen Handelsminister senger Visitt am Grand-Duché, sinn de Gaascht aus den USA, den Etienne Schneider an de Finanzminister Pierre Gramegna am Schlass zu Buerglënster mat Vertrieder aus dem Wirtschafts-a Finanzsecteur fir Gespréicher beienee komm. Donieft huet de Wilbur Ross och de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel, souwéi den Ausseminister Jean Asselborn gesinn.

Back to Top
CIM LOGO