D'Police sicht no ZeienKoppel zu Esch-Uelzecht mat Messer menacéiert

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op den 20. Januar gouf éischten Informatiounen no eng Koppel zu Esch op der Gare mat engem Messer menacéiert.
Police
Police
© Police

Wéi d’Police elo matdeelt wier d’Koppel, déi Englesch soll geschwat hunn, net méi op der Plaz gewiescht, wéi d’Beamten op der Plaz ukomm sinn. Béid Affer si gebieden, sech bei der Police vun Esch ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 50 1000 oder via Mail.

Bei eise Kolleege vum RTL Today fannt Dir den Zeienopruff op Englesch.

Back to Top
CIM LOGO