Wa Schoulen un hir Grenze kommenEducatiounsministère wëll mat engem neie Plang méi séier a geziilt reagéieren

Chris Meisch
Lisa Weisgerber
Den Educatiounsministère huet en neien Aktiounsplang virgestallt, fir d'Inclusioun am Fondamental weider ze stäerken an d'Schüler mat spezifesche Besoine besser ze begleeden.

“Haut ginn et däitlech méi Kanner mat spezifesche Besoine wéi nach viru Joren, an an de Klassesäll stéisst d’Léierpersonal ëmmer méi dacks u seng Limitten”, erkläert den Educatiounsminister Claude Meisch, deen e Méindeg en neien Aktiounsplang fir Inclusioun am Fondamental presentéiert huet. Zanter 2017 ass de System schonn däitlech ausgebaut ginn, ënner anerem duerch dräimol méi Personal fir d’ESEB, d’"équipes de soutien des élèves à besoins éducatifs spécifiques”. Trotz dëse Fortschrëtter bleiwen nach vill Erausfuerderungen.

Aktiounsplang vum Menje / Reportage: Chris Meisch

D’Gesellschaft verännert sech stänneg, an domat och d’Besoine vun de Schüler a Schülerinnen, wéi och d’Realitéiten, mat deenen d’Schoule konfrontéiert sinn. Dëst geet aus engem Consultatiounsprozess um Terrain ervir, un deem eng Rei Acteuren aus dem Fondamental bedeelegt waren. Vill Schoulen an Enseignantë spiere bei der Betreiung vu Kanner mat spezielle schoulesche Besoinen, eng gewëssen Iwwerlaaschtung, d’Zuel vun dëse Kanner gëtt ëmmer méi grouss, iwwerdeem d’Prozedure fir Hëllef, heiansdo als ze lues empfonnt ginn. D’Ekippe vum ESEB wier eng wäertvoll Ressource an et wéilt een elo dat stäerke wat gutt funktionéiert, sou den Educatiounsminister Claude Meisch.

“Mir wëllen eigentlech, dass déi eenzel Hëllefen, déi eenzel Agente méi enk zesummeschaffen, dass déi Rieder besser anenee gräifen. Mir hu ganz ënnerschiddlech Ressourcen, mee et muss ee matenee schaffen. Dofir soll ee lokale Comité kucken, wéi déi eenzel Ressourcen, sief et vun der ESEB, sief et den I-EBS, den A-EBS vun der Schoul, fir déi wierklech an engem organisatoresche Plang sech d’Aufgaben ze deelen, wéi si wierklech adequat kënne reagéieren.”

Nieft enger besserer Koordinatioun tëscht de verschiddenen Acteuren am Schoulsystem sti virun allem méi séier Reaktiounen an akute Situatiounen, eng méi individuell Ënnerstëtzung vun de betraffene Kanner an eng verstäerkt Presenz vu spezialiséiertem Personal am Schoulalldag am Mëttelpunkt vun den Aktiounen. D’Schüler géingen ëmmer méi Gewaltbereet ginn a sozioemotionell Defiziter opweisen, eng Entwécklung, déi och am Kader vun de Consultatiounen um Terrain ëmmer nees als grouss Erausfuerderung thematiséiert gouf. Den DP-Educatiounsminister huet sech ewell dacks gefrot, vu wat esou Attitudë kommen.

“D‘Äntwert war eigentlech ganz kloer. Et sinn dacks d‘Ecranen an deenen éischte Liewensjoren a mir wëssen, dass Ecranen ënner 3 Joer guer net gutt si fir d’Kanner, virun allem wat hir sproochlech Entwécklung ubelaangt, well kee mat hinne schwätzt, wat hir motoresch Entwécklung ubelaangt, well si sech net beweegen an och wat déi sozioemotionell Entwécklung ubelaangt, well si eigentlech keen direkte Kontakt mat anere Kanner, aneren Erwuessenen hunn, mee just op den Ecran kucken an do kënnt mengen ech villes hir, vun deem wat mir elo probéieren, ze geréieren.”

Eng wichteg Roll spillt dobäi och d’Präventioun. Schonn am fréie Schoulalter soll duerch e verstäerkten Encadrement am Cycle 1 méi fréi reagéiert ginn, fir Problemer sou frei wéi méiglech z’erkennen a richteg ze begleeden.

Och d’Zesummenaarbecht tëscht Schoulen, Elteren an externen Acteure soll mat engem neien nationale Begleedungsservice vun de Familljen ausgebaut ginn.

“An dofir musse mir, mengen ech, och méi d’Famillje stäerken iwwer den Dispositif vum Office nationale de l’enfance. Awer och eng Vernetzung assuréiere vun där Hëllef, déi d’Schoul ka ginn, an eng Hëllef déi den ONE ka ginn, déi och enk anenee soll gräifen. Dofir hu mir an all regional Direktioun wëlles, een ONE-Schouldéngscht ze instauréieren, deen dann, wann et noutwenneg ass, och mat der Famill ka schaffen.”

Aktuell assuréieren aacht Kompetenzzentren am Beräich vun der spezialiséierter Psychopedagogik eng Betreiung iwwer e Reseau vun 91 Antennen am ganze Land.

A bis 2028 soll dës Offer op 124 Annexen ausgebaut ginn, mat engem besonnesch staarke Wuesstem bei der Ulafplaz fir sozio-emotional Entwécklung a beim Autismus-Zenter.

Liest hei den offizielle Pressecommuniqué zum Aktiounsplang
De komplette Pressedossier zum Aktiounsplang

Back to Top
CIM LOGO