Receptioun Lëtzebuerger PressKritik a Luef vun de Journaliste fir d'Politik

Annick Goerens
Kevin Kayser
D'Transparenz-Gesetz wier e Fortschrëtt, wougéint awer ëmmer nees vun der Politik probéiert gëtt, fir Afloss op d'Journalisten ze huelen.
Receptioun Lëtzebuerger Press mam Xavier Bettel
D'Transparenz-Gesetz wier e Fortschrëtt, wougéint awer ëmmer nees vun der Politik probéiert gëtt, fir Afloss op d'Journalisten ze huelen.

2018 war keen einfacht Joer fir Journaliste weltwäit. Mord, Prisong, physesch Attacken an Zensur hunn de Kollegen am Ausland d'Liewen 2018 schwéier gemaach. Zu Lëtzebuerg wär d'Situatioun am Verglach domadder gutt, ma och hei am Land géing d'Presse- a Meenungsfräiheet ënner Drock stoen. Dat sot e Mëttwoch de Moien d'Presidentin vum Presserot Ines Kurschat um mëttlerweil 6. Neijoerschpatt vum Staats- an Medieminister Xavier Bettel fir d'Lëtzebuerger Press.

Receptioun Lëtzebuerger Press/Reportage Annick Goerens

De gréisste Schock fir d'Pressefräiheet wären d'Chamberleaks gewiescht. De Radio 100,7 hätt op dëse Sécherheetslacune opmierksam gemaach a wär du selwer, als Iwwerbrénger vun der schlechter Noriicht, an d'Viséier vun der Police, der Justiz an der Politik geroden, sou d'Ines Kurschat. Aner grouss Doleancë wären d'Versich, fir Afloss op d'Press ze huelen, notamment wa Politiker an engem Verwaltungsrot vun enger grousser Zeitung géinge setzen oder wann an engem ëffentlech Radio Vertrauensleit vum Staatsminister agéieren. "Och hei am Land versichen Entrepreneuren onbequem Berichterstattungen ze verhënneren, andeems si Journalisten a Medienhaiser mat Verleumdungs- a Schadensersatzfuerderungen iwwerzéien", esou de Premier Xavier Bettel.

Et géifen awer och Progrèse ginn: notamment dat neit Transparenz-Gesetz, fir d'Bierger an d'Journalisten, dat vun dësem Joer u gëllt an dat sech also fir d'éischt nach beweise misst, sou d'Presidentin vum Presserot. "Endlech een eegent Auskunftsrecht duerchzesetzen, d'Pressehëllef ze verbesseren an esou d'Medienvielfalt ze stäerken iwwer den ëffentlech-rechtlechen Optrag ze diskutéieren, fir de Whistleblowerschutz an d'Medienerzéiung ze verbesseren".

De Medienminister Xavier Bettel huet a senger Ried Verständnis fir d'Presse gewisen, ma drop opmierksam gemaach, dass ee misst e gudden Equiliber fannen tëscht den Doleancen vun de Journalisten an deene vun de Bierger an den Entreprisen. "Ech weess, dass den Zougang zur Informatioun wichteg ass, fir ären Uspréch gerecht ze ginn. Ech maachen do d'Aen net zou a versti ganz genau, wat är Erwaardungen och sinn. Mir hunn elo zanter e puer Deeg en neit Gesetz, wat a Kraaft ass. An et kann een dat esou vill kritiséiere wéi ee wëll, et ass ee Fakt, dass et 2019 ee legalen, garantéierten Accès zur Informatioun gëtt, deen et zejoert net gouf", huet de Xavier Bettel ënnerstrach.

Hie géing sech och weiderhi fir d'Diversitéit vun der Medielandschaft asetzen. A wat d'Transparenz-Gesetz ugeet, dat kéint och iwwerschafft ginn, wann den Text d'Aufgaben net optimal erfëllt, sou de Premier- a Medieminister.

Back to Top
CIM LOGO