An engem oppene Bréif (deen zweete bannent zwou Wochen) un de liberalen Educatiounsminister Claude Meisch e Méindeg schreift den zoustännege Syndikat SPEBS-CGFP, datt hir Schüler no der Rentrée Enn Mee net méi an hir Klassen an der Reegelschoul dierfe goen an och net méi an d'Maison relais an hirer Gemeng. D'Schüler hätten hei kee Choix kritt, seet d'Sekretärin vum SPEBS Claudine Muller am RTL-Interview.
"Dat ass och ee Punkt, dee mir kritiséieren, well mer fannen, datt deen net der UN-Behënnerterechtskonventioun entsprécht an och net der Iddi vun der Inklusioun. Mir fannen, datt déi Schüler a Schülerinnen op d'mannst hätte missen d'Wiel kréien, ob se wéilten an hir Classes d'attaches ganz goen, wou dann och mat drun hänkt, datt se hätte kënnen an d'Maison relais an der Gemeng goen oder eben an de Centre de compétence."
D'Gruppen an de Centres de compétences géifen och net an zwee gespléckt ginn an d'Schüler hätte weder d'Méiglechkeet, all 2. Woch, nach nomëttes, vun hiren Elteren doheem betreit ze ginn, wéi dat beim Rescht vum Fondamental de Fall ass. Dobäi wier et fir d'Kanner an de Centres de compétences nach méi schwéier, sech un déi streng sanitär Reegelen ze halen.
D'Schüler kéinten also weder all 2. Woch, nach no 13 Auer mëttes Doheem encadréiert ginn.
"Doheem kënne se sech awer anescht beweegen, si mussen net op hirem Stull bei der Bänk sëtze bleiwen, et huet een awer eng aner Liewensqualitéit wéi an engem Klassesall, wou déi Distanze mussen agehale ginn oder d'Mask muss ugehale ginn. Dat ass eben hei net ginn. Ausgerechent déi Elèves a besoins educatifs spécifiques, déi si gezwongen, fir all Woch all Dag an d'Schoul ze kommen."
Doduerch datt si net kéinten an hir Klassen an der Reegelschoul goen, kéinten d'Schüler aus de Kompetenzzenter och net an d'Maisons relais an hirer Gemeng. Wéi si no der Schoul solle betreit ginn, wéist een awer nach net, seet d'Claudine Muller.
"Do sinn d'Informatiounen nach net ganz kloer, do war gesot ginn, eventuell géingen déi Schüler weider dann och nach méi laang an de Centres de compétences betreit ginn, et ass awer elo och gesot ginn, d'Eltere kéinte Congé pour raisons familiales ufroen, dat bezitt sech dann op all Schüler a Schülerinnen aus de Centres de compétences."
Den Educatiounsminister hat d'lescht Woch Detailer iwwert d'Rentrée am Fondamental presentéiert - dee Moment huet et geheescht, déi allgemeng Hygiènesmesurë géifen an de Kompetenzzenter, grad wéi am Cycle 1, net gëllen, an et géifen individuell Léisunge fir déi eenzel Schüler ausgeschafft ginn. Zanterhier hätt een awer näischt Konkretes presentéiert kritt. Als zoustänneg Gewerkschaft hätt een nach guer kee Feedback kritt.
"Et ass kee Gespréichsangebot do a mir hu keng Äntwert krut, weder schrëftlech nach op iergendengem anere Wee. Natierlech fille mer eis an deem Sënn vergiess. Mir hunn awer den Androck, datt dat vläicht insgesamt am Enseignement de Fall ass, well et si jo vill Gewerkschaften, déi sech zu Wuert gemellt hunn. Mir verstinn natierlech och, datt d'Situatioun den Ament speziell ass an ustrengend ass an datt warscheinlech och op de Ministèrë ganz vill geschafft gëtt, dat wëlle mer guer net a Fro stellen. Mä mir mengen einfach, datt déi Veronsécherung, déi besteet, bei den Elteren, well mir ginn och vu ganz villen Eltere kontaktéiert, a beim Personal, datt een déi hätt kënnen offiederen, andeems een einfach d'Leit mat an d'Boot geholl hätt an andeems een den Austausch gesicht hätt."
Et wier nämlech eng grouss Veronsécherung esouwuel beim Personal wéi bei den Eltere vun de Kompetenzzenteren do, wéi d'Schüler an Zukunft hire Besoinen entspriechend an ënner séchere sanitäre Konditioune beschoult ginn, esou d'Claudine Muller vum SPEBS.
D'Besoine vun de Schüler an deene verschiddene Kompetenzzentere wiere ganz ënnerschiddlech, seet d'Claudine Muller: "Do si vill Schüler dobäi, déi Kommunikatiounsproblemer hunn, déi doduerch och Verhalensproblemer hunn, mä et sinn och Schüler dobäi, déi einfach déi Situatioun hei guer net faassen, déi net verstinn, wat do lass ass, do si vill Schüler dobäi, déi normalerweis ganz enke Kontakt hu mat hiren Enseignanten, mat hirem edukativem Personal."