OGBL & LCGBKuerzaarbecht bleift ee wichtegt Instrument fir d'Betriber

Claude Zeimetz
Den anere Mount wäerte viraussiichtlech mat ronn 13.600 Salariéeën der gutt 2.000 méi kuerzschaffen, wéi nach am Januar.
Kuerzaarbecht bleift ee wichtegt Instrument fir d'Betriber
D’Gewerkschafte begréissen, datt d’Regierung d’Hëllefe fir déi fragil Secteuren ëm véier weider Méint verlängert huet.

En Dënschdeg huet de Konjunkturcomité 1.338 Betriber de Chômage partiel accordéiert. De Gros vun den Entreprisë schafft nach ëmmer wéinst der Pandemie manner.

D’Instrument vun der Kuerzaarbecht gëtt besonnesch a Beräicher wéi dem am Horeca, dem Evenementiel a bei den Autosgaragë gebraucht, sou de Robert Fornieri vum LCGB am RTL-Interview.

De Robert Fornieri vum LCGB

D’Gewerkschafte begréissen, datt d’Regierung d’Hëllefe fir déi fragil Secteuren ëm véier weider Méint verlängert huet a fuerderen an engems Reaktivitéit, sollt sech déi sanitär Situatioun nees verschlechteren. Den Optimismus, datt nom Juli guer keng Aiden a keng Kuerzaarbecht méi gebraucht gëtt, deelt een nämlech nëmme bedéngt. De Robert Fornieri relativéiert: “Et weess een net, war muer ass. An et dierf ee sech och net ze fréi freeën.”

Anerwäerts géifen awer Leit riskéieren, hir Aarbecht ze verléieren. Dat hätt d’Kuerzaarbecht notamment bis ewell ganz gutt verhënnert. De Stefano Araújo vum OGBL:

“Den Zil vun deene Mesuren ass a bleift, datt kee seng Aarbecht verléiert. A bis elo huet déi Mesure vum Chômage partiel bewisen, datt dat wierkt. Ech mengen hei ass et just d’Volontéit de Betriber ze soen: ‘Mir gi potentiell an eng Richtung wou et besser geet, preparéiert iech drop. Dir kritt nach weider Hëllefe bis Juni, déi gi progressiv erof, awer mat verschiddenen Ënnerscheeder tëscht de Secteuren’.”

De Stefano Araújo vum OGBL

A sollt sech deen Ament rausstellen, datt mer an der Pandemie awer net do sti wou mer all gehofft haten, da misst ee sech op alle Fall sektoriell mam Patronat an der Regierung zesummesetzen an zesumme kucken, wéi een erauskënnt. An da missten d’Hëllefen och verlängert gi wann et néideg ass. Do sinn déi zwee Gewerkschaftler ganz kloer.

Ee Secteur, deen den Ament besonnesch ënnert de Covidrestriktioune leit, ass den Evenementiel, deen aktuell quasi um Buedem läit. Grouss Evenementer, Foiren a Receptioune sinn aktuell mam Covidgesetz net erwënscht a kee wéisst, wéi et duerno weidergeet, esou de President vun der Luxembourg Event Association (LEA). Dobäi bräichten d’Clientë virun allem Planungssécherheet.

De Charel Schroeder vun der LEA

Aiden zréckfuere geet an den Ae vum Charel Schroeder vun der LEA just ënnert der Konditioun, datt parallel déi sanitär Mesuren opgehuewe ginn. An deem Punkt si sech de President vun der Union des Entreprises UEL, d’Federatioun vun de Hotelieren, Restaurateuren a Cafetieren Horesca an d’Luxembourg Event Associatioun eens. Vun engem Enn vun de Mesuren hätt ee vum Premier an der Santésministesch awer bis ewell nach näischt héieren.

Restriktioune wéi d’Spärstonn um 11 Auer sinn der LEA natierlech en Dar am An. Evenementer am 2G-Regime ze organiséiere wier elo net dee gréisste Problem. Am Beschte wier et natierlech awer nees zréck an déi Normalitéit ze kommen, déi ee virun der Pandemie hat. Et bräicht een de Marché wéi e war fir ze schaffen, sou de Charel Schroeder deen d’Regierung awer och opfuerdert, den nächsten Hierscht besser virzebereeden, wéi d’lescht Joer.

De Generalsekretär vun der Horesca François Koepp begréisst am RTL-Interview, datt d’Betriber fir déi nächst Méint alt eng gewësse Planungssécherheet hunn. Bei der sougenannter “Aide coûts non-couverts” hätt ee sech awer gewënscht, datt se fir d’Gastronomie iwwert de Mäerz eraus verlängert géif ginn. Elo ass virgesinn, datt just Hoteller a Campingen dës Hëllef fir de Summer froe kënnen. Iwwerrascht gouf d’Horesca och, datt d’Kuerzaarbecht an deenen zwee Méint virum Enn vun den Aide just nach 10 Prozent vun de geschaffte Stonne soll dierfen ausmaachen.

Vun de Gewerkschaften OGBL an LCGB ass et d’Fuerderung virsiichteg ze bleiwen. D’Regierung misst sech op alle Fall dann nees mat de Sozialpartner zesummesetzen, wa sech d’Coronasituatioun nees zouspëtzt.

Back to Top
CIM LOGO