Fir déi 2.500 concernéiert Salariéeën, déi beispillsweis bei Ponts et Chaussées, an de Schoul-Kantinnen bei Restopolis oder och an de Bëschservicer schaffen, goufen et eng Rei Verbesserungen, wéi den zoustännege CSV-Minister Serge Wilmes erkläert:
E méi modernen Text, deen hir Rechter stäerkt, awer och eng nei Gehälter-Grille-Struktur, méi kloer, véier Karriären. An do krut och jiddwereen dann ënner dem Stréch eppes bäi, ënnerschiddlech zwar, well et huet een dat missen ënnerschiddlech unerkennen. An ech mengen dat, mer soll wierklech ënner dem Stréch eraus zréckbehalen, déi gutt Atmosphär, wierkleche Sozialdialog, wéi dat och soll gefouert ginn hei zu Lëtzebuerg an op där anerer Säit awer dann d’Verbesserunge fir eis Mataarbechterinnen an de Mataarbechter, déi eng essentiel Aarbecht maache fir eis Gesellschaft.
12,55 Milliounen Euro hëlt d’Regierung fir dësen neie Kollektivvertrag an de Grapp. Dësen trëtt fir déi 2500 Salariéeën den 1. Mee dëst Joer a Kraaft a gëllt fir dräi Joer. Am Ganze schaffen eng ronn 38.000 Leit beim Staat, net matgezielt sinn hei d’Mataarbechter aus de Gemengen.
D’Vertrieder vun de Gewerkschaften hunn direkt e puer Mol ënnerstrach, wéi wichteg dës Verbesserunge wieren, dat fir d’Attraktivitéit vum Staat als Patron weider héich ze halen. Den Alain Rolling vum OGBL:
Firwat muss e Staat attraktiv bleiwen? Ma ganz einfach, e Staat huet eng Responsabilitéit, e Staat muss fonctionéieren, well wann ee Staat net fonctionéiert, da fonctionéiert dat niewendrun och net. An dat ass net fir elo een oder deen aneren hei auszespillen, mir si jo och dofir, dass mer am Privaten attraktiv Karriäre fannen, mee d’Essenz an d’Basis ass awer de Staat.
Och d’Gewerkschaftsvertrieder hunn déi konstruktiv Gespréicher an d’Zesummenaarbecht ënnerteneen ervirgestrach.
Neuer Kollektivvertrag für Staatsbedienstete (19.03.2026)
Der Minister für den öffentlichen Dienst, Serge Wilmes, der Zentralsekretär des OGBL, Alain Rolling, und der Gewerkschaftssekretär des LCGB, Bento Pires, haben am Donnerstagnachmittag den neuen Kollektivvertrag für Staatsbedienstete unterzeichnet und diesen anschließend den Medien vorgestellt.
„Dieser Kollektivvertrag schafft klarere Regeln, eine transparentere und gerechtere Gehälterstruktur und unterstreicht so die wichtige Rolle der Staatsbediensteten im Dienst der Bürgerinnen und Bürger“, so Minister Wilmes einvernehmlich mit den Gewerkschaftsvertretern bei der Unterzeichnung.
Der neu ausgehandelte Kollektivvertrag tritt am 1. Mai 2026 in Kraft und ist für drei Jahre gültig. Er betrifft rund 2.500 Staatsbedienstete. „Dieser neue Text ist das Ergebnis eines Sozialdialogs, der auf Augenhöhe geführt wurde“, so Minister Wilmes. „Die Staatsbedienstete sind eine wesentliche Stütze unseres öffentlichen Dienstes. Ich freue mich daher besonders, dass wir mit den Gewerkschaftsvertretern fundamentale Verbesserungen für unsere Mitarbeiterinnen und Mitarbeiter erreichen konnten“.