LUXEOSysLancement vu Lëtzebuerger Militärsatellit fir 2023 geplangt

RTL Lëtzebuerg
Tëscht Juli an November dat anert Joer gëtt de Militärsatellit LUXEOSys lancéiert. Dat sot de Verdeedegungsminister François Bausch e Méindeg de Mëtteg.

Virun de Membere vun der Budgetskontrollkommissioun an der Kommissioun fir bannenzeg Sécherheet, sot de François Bausch, datt een elo “on Track” wier.

Dat wier gutt, well et wier och ëmmer méi Demande do. Am militäreschem, mä och am ziville Beräich. An Tëschenzäit wieren 90 Prozent vun de Kontrakter ënnerschriwwen an déi hätten eng Lafzäit vun 10 Joer.

François Bausch zu Lancement LUXEOSys / Rep. Dany Rasqué

Wat dat Finanziellt betrëfft, seet de Minister, et wiere knapp 280 Milliounen Euro engagéiert an domadder wieren nach 30 Millioune Sputt. D’CSV seet et wieren 10 Millioune méi engagéiert, also 290 Milliounen, sou wéi de Rechnungshaff dat och geschriwwen hat. Déi 10 Millioune betreffen ënnert anerem Consultance-Fraisen an et ass ee sech net eens op déi zum grousse Projet gehéieren oder net.

RTL News: LUXEOSys: Schaarf Kritik vun der Oppositioun, Minister Bausch verdeedegt Decisiounen

Back to Top
CIM LOGO