An hirem Spezialrapport am Optrag vun der Chamber confirméiert de Rechnungshaff, dass dee Projet ënnert der Responsabilitéit vum deemolegen Arméisminister Etienne Schneider am Summer vum Waljoer 2018 iwwer de Knéi gebrach war an dass déi politesch Institutioune sech net vun hirer beschter Säit presentéiert hunn.
Wéi eng Léieren zitt d’Politik doraus?
Op Säit 51 am Rapport vum Rechnungshaff liest en delikaten Detail, déi d’Virgoe vun de Responsabelen an e schlecht Liicht réckelt: déi deemoleg Direktioun vun der Defense wousst wuel schonn am Mee 2018, dass 170 Milliounen Euro net duerginn. Nawell krut d’Chamber dee Gesetzprojet mat deem Präisschëld ze stëmmen. Kritik kënnt do vun der CSV-Deputéiert Diane Adehm: “Et ass de Geck mat eis gemaach ginn. Mir kruten Informatioune virenthalen.”
De Rechnungshaff schreift et schwaarz op wäiss: D’Kontrollmechanisme vun der zoustänneger Inspektioun an dem Regierungsrot hunn net gegraff. Ineffikass ware se.
Ma och d’Chamber, virun allem déi zoustänneg Kommissioun, war ineffikass. Bis op déi Lénk hunn d’Deputéiert fir de Kaf vum Satellit gestëmmt, ouni all d’Informatiounen ze hunn. Dat kritiséiert de Gary Diderich. “Wat mécht Lëtzebuerg mat engem Spionagesatellit, deen d’NATO mol net wëll? Dat muss een déi aner Parteie mol nach froen, ob se dat och mat méi konkreten Informatiounen nach gestëmmt hätten. Mir op alle Fall net.”
Esou ee Chaos soll net méi virkommen. D’Cour des comptes recommandéiert, der Defense bei groussen Investissementer reegelméisseg de Suivi vun de Finanzen ze maachen an déi Bilanen och der Chamber ze weisen.
Den aktuellen Defenseminister ass fir méi Transparenz, och bei Depensë fir d’Arméi. “Mir kënnen net eent zu eent genee dat nämmlecht maachen ewéi bei Projete bei den ëffentleche Bauten, well bei der Defense eng Rei Saache matspillen, déi deels net fir op d’Place publique sinn.”
Der CSV op d’mannst geet dat net wäit genuch. “Et kann net sinn, dass si den Deckmäntelche vun der Confidentialitéit eraushuelen, fir eis net komplett z’informéieren.”
Op alle Fall ass de Satellit kaaft fir 139 Millioune méi. E “Spionagesatellit”, wéi déi Lénk kritiséieren, vun deem och demokratiefeindlech Staate profitéiere kéinten, wär et net, esou den Arméisminister François Bausch. “Mir kënnen zu 100 Prozent decidéieren, wiem mir Biller ginn oder net. Mir hunn en deontologesche Kodex. Mir ginn d’Biller virun allem un NATO-Memberstaaten. Bei de Partner ass d’Demande grouss. Ech war a Litauen an do si se begeeschtert. Den Ament musse si hir komplett Grenz mat Russland mat klenge Fligeren iwwerwaachen. Dat ass opwänneg an net ëmmer präzis.“
De LUXEOSys kéint dat besser an e wär quasi fäerdeg. Eng Ekipp vu 35 Leit wäert sech vum Kierchbierg aus ëm d’Gestioun këmmeren. Wéinst Retarde bei de Lancementer wäert en awer eréischt am nächste Fréijoer an d’Luucht goen.