Feeler an der Planifikatioun hunn dozou gefouert, datt de Projet LUXEOSys 139 Millioune méi kascht huet, wéi et u sech geplangt war.

De Spezialrapport vun der Cour des comptes iwwer déi finanziell Gestioun vum Projet LUXEOSys läit vir an d'Conclusioune werfe kee gutt Liicht op d'politesch Institutiounen. Ganz am Géigendeel.

De Gesetzprojet fir de Militärsatellit LUXEOSys war vill méi en Avant-projet nach am Stadium vun engem Resumé, wéi den zoustännege Verdeedegungsministère ënnert der Leedung vum Etienne Schneider en am Mäerz 2018 an der Chamber deposéiert hat. Dat geet aus deem Rapport ervir, deen e Méindeg de Mëtteg an der Budgetskontrollkommissioun an der Chamber virgestallt gouf.

Rieds ass vu Feeler bei der Planifikatioun: ënnert anerem wäre guer keng études de faisabilité gemaach ginn, also Etüden, fir erauszefannen, ob d'Exploitatioun vum Satellit iwwerhaapt, wéi deemools annoncéiert, vum Härebierg aus gemaach kéint ginn. Aner Elementer, déi hätte misste gepréift ginn, wäre souguer vergiess ginn.

Alles dat huet dozou gefouert, dass de Budget vum Projet LUXEOSys am Dezember 2020 huet missten nei gestëmmt ginn an elo 139 Millioune méi kascht, ewéi virgesinn. 309 Millioune sinn elo agerechent. Eng Hausse vun 82 Prozent.

De Rechnungshaff constatéiert och, dass d'Ziler, déi an deem Projet de loi formuléiert waren, vun Ufank un net realistesch waren. Ee Beispill: d'Argument vum deemolegen Defenseminister Etienne Schneider a senger Direktioun, mat de Biller, déi mam Satellit gemaach ginn, kéint ee Geschäfter maachen, wär éischter eng Pub gewiescht, fir dem Grand public de Projet als sënnvoll ze verkafen.

De Rechnungshaff kënnt zur Conclusioun, dass d'Kontrollprozeduren, wat de Käschtepunkt vun deem Projet ugeet, net effikass waren, dat um Niveau vun der Regierung an dem Parlament.

De Regierungsrot hat zwar déi finanziell Envergure vun LUXEOSys guttgeheescht. Ënnert dem Pretext, déi Detailer wäre confidentiel, haten d'Deputéiert allerdéngs keen Abléck an déi sougenannt fiche financière kritt.

Deemno gouf an den involvéierte Chamberkommissiounen iwwer e Gesetzprojet diskutéiert, vun deem d'Deputéiert keng richteg Informatiounen haten. Och de Staatsrot hat sech net opposéiert.

Den Akaf vum Militärsatellit gouf am Summer 2018 am Chamberplenum guttgeheescht. Déi Lénk waren dogéint, d'Pirate waren zu deem Zäitpunkt nach net an d'Chamber gewielt.

Am Spezialrapport vun der Cour des comptes liest een och delikat Detailer, déi d'Virgoe vun der Direktioun vun der Defense nach méi schlecht ausgesi loossen. Op der Säit 51 gëtt ee gewuer, dass d'Direktioun wuel schonn am Mee 2018 wousst, dass déi 170 Milliounen Euro, déi virgesi waren, net duergoe wäerten. Nawell krut d'Chamber de Projet mat deem Präisschëld ze stëmmen.

D'Zweiwel dorun, dass am Dossier LUXEOSys alles richteg gelaf ass, ware schonn 2020 gewuess. D'Oppositiounsparteien hate sech beduckst gefillt a wollten eng Enquêtëkommissioun an d'Liewe ruffen, wat awer net geschitt ass. Dofir hat d'Chamber awer d'Cour des comptes mat engem Spezialrapport beoptraagt. Dee gëtt elo Evidenz: et ass villes schif gelaf.

D'Cour des comptes recommandéiert, der Defense bei groussen Investissementer reegelméisseg de Suivi vun de Finanzen ze maachen an déi Bilanen och der Budgetskontrollkommissioun ze weisen.