GesondheetLandesmoyenne an de Spidols-Urgencen läit tëscht 40 a 90 Minutten

Roy Grotz
D'Dauer tëscht dem Triage an enger Spidols-Urgence an der Fleeg läit tëscht 40 Minutten an annerhalwer Stonn.

Dëst ass d'Moyenne fir all d'Spideeler am Land.

Dee Chiffer nennt de Gesondheetsminister Etienne Schneider a senger Äntwert op parlamentaresch Froe vun den Deputéierte Gibéryen a Marc Goergen.

Si hate sech iwwert d'Urgencë-Servicer renseignéiert, nodeem dee Service vum 1. Januar u fir d'Spidol zu Nidderkuer ofgeschaaft gi war.

Dobäi bleift et och, mee de Minister liwwert Explikatiounen a schreift ënnert anerem, datt d'Sitte vun den Urgencen nëmmen nach op 4 Plazen am Land fonctionnéieren:

An der Stad am CHL an um Kierchbierg, am Süden am Escher CHEM an am Ettelbrécker Spidol fir d'Eisléck - dëst entsprécht dem Spidolsgesetz vun zejoert, wouranner festgehalen ass, datt ee Service vun Urgencen 24 op 24 Stonnen a 7 Deeg op 7 op engem eenzege Site vun all Centre hospitalier ze fonctionnéieren huet.

An dat ass eben op nach de 4 Plazen am Land de Fall, wouhinner de Samu e Patient dann och direkt hiféiert am Fall vun engem uerge gesondheetleche Problem, wéi en Häerz- oder en Hiereschlag, fir dann do déi beschtméiglechst Prise en charge ze kréien.

Dëst wëll dem Etienne Schneider no awer net heeschen, datt déi 4 Proximitéits-Spideeler Nidderkuer, Wolz, Diddeleng an d'Zithaklinik an der Stad kee Patient am Dag géifen unhuelen, dee sech net-ugemellt presentéiert.

Am Fachjargon heescht dëst "Policlinique des soins non-programmés avec triage" vu Moies 7 bis Owes 9 Auer - Nuets- also tëscht eben 9 owes a moies 7 besteet dee Service op de 4 Plazen awer net méi.

De Minister Schneider betount dann och, datt den Zougrëff vun de Patienten op dës Sitten nuets marginal gewiecht wier. Esou wieren et d'ganzt lescht Joer iwwer "just" 77 Leit gewiescht, déi nuets mat enger Ambulanz op Nidderkuer bruecht gi waren.

Zu Wolz an an der Zitha waren et all Kéier nëmmen 8 Admissiounen nuets vun Urgencen - am Verglach zu den 90.000 Urgencen, déi de CHEM iwwert d'Joer behandelt wieren dest also keng Tauxen, déi irgendwéi géifen an d'Gewiicht falen.

Iwwert d'Waardezäiten an der Urgence vum CHEM wärend de Nuetsschichten huet de Ministère iwwerdeems keng Daten.

Och an Zukunft setzt de Minister drop, fir d'Gesondheetsversuergung no an accesibel ze halen - duerfier sollt och diskutéiert ginn, wéi eng Roll d'Acteuren aus dem Extra-Hospitalier hei kéinte spillen.

Back to Top
CIM LOGO