Invité vun der Redaktioun (19. Mäerz) - Pascale JunkerLandesplaneresch Defien enorm, Bierger solle matschwätzen

RTL Lëtzebuerg
Invité vun der Redaktioun e Méindeg de Moien war d'Pascale Junker aus dem zoustännege Ministère.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Pascale Junker
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Bannent 8 Joer ass d'Populatioun am Grand-Duché ëm 100.000 Leit gewuess, déi landesplaneresch Defie sinn enorm. De Programme directeur aménagement du territoire vun 2003 ass net méi adequat, seet d'Pascale Junker aus dem Departement Landesplanung vum Nohaltegkeetsministère. Si war e Méindeg de Moien d'Invitée vun der Redaktioun.

D'Entwécklung vun der Populatioun zu Lëtzebuerg déi lescht 7 Joer ass déi vun engem afrikanesche Pays sahélien. Do sinn et d'Naissancen, bei eis ass et d'Zouwanderung.

D'Saturatioun vun den Infrastrukture géing jidderee kennen. Ee vun de grousse Problemer wier deen, datt net d'Agglomeratiounen, mä déi ländlech Regioune sech bei der Populatioun staark entwéckelt hätten, wat Trafic mat sech bréngt.

D'Pascale Junker (Extrait 1)

De PDAT 2019 soll en Orientéierungsdokument sinn, wat op 3 Prinzipie baséiert: Déi bescht Liewensbedingunge fir all Mënsch iwwerall, eng gutt Ubannung un den ëffentlechen Transport an de Flächeverbrauch erofsetzen, ënner anerem dat sinn d'Zieler.

D'Bierger sollen déi Kéier an de Prozess mat agebonne ginn. A 4 regionale Laboratoirë ginn d'Leit gefrot, wéi si sech wënschen, datt d'Land sech entwéckelt. Well ze vill Leit sech gemellt hunn, huet missten eng Lotterie gemaach ginn.

D'Pascale Junker (Extrait 2)

E Méindeg den Owend ass den éischte Rendez-vous zu Manternach a Präsenz vu Fonctionnairen a weideren Experten.

D'Pascale Junker (Extrait 3)

D'Leit kréie Fakten zu hirer Regioun matgedeelt a se kréien e Questionnaire mat Heem fir auszefëllen.
An engem Marathon am Juli ginn d'Recommandatioune vum ganze Land zesummegefaasst. D'Visioune vun de Leit sollen dann an den neie PDAT 2019 mat afléissen.

Invité vun der Redaktioun e Méindeg de Moien war d'Pascale Junker aus dem zoustännege Ministère.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren
Back to Top
CIM LOGO